Zil vun dëser Mesure soll nieft der Reduktioun vun der Zuel u Chômeuren, virun allem och d'Entlaaschtung vum staatleche Gesondheetssecteur sinn.

De Keir Starmer réit staark iwwergewiichtege Chômeuren a Groussbritannien dozou, duerch Sprëtzen aktiv géint Adipositas virzegoen, fir domat rëm méi einfach eng nei Aarbecht ze fannen. De brittesche Premier wëll doduerch virun allem och de Gesondheetssecteur entlaaschten. An deem Kader hat de Gesondheetsminister Wes Streeting bekannt ginn, datt déi Zort vu Krankheeten de Staat pro Joer ëmgerechent ronn 13 Milliarden Euro kaschte géif.

Experten hu bei dëser Propos allerdéngs ëm Virsiicht geroden. Medikamenter wieren nämlech keen Ersatz fir e gesonde Liewensstil an eng gutt Ernärung. D'Sprëtze géife virun allem eng Rei Niewewierkunge wéi Kappwéi, Iwwelzegkeet, a Middegkeet mat sech bréngen. Iwwerdeems wieren och déi laangfristeg Auswierkungen nach net genuch erfuerscht.