Bei der WM loossen d'Participanten hir Käschte géinteneen untrieden.

Zil ass et, mat senger Käscht, déi un engem Seel hänkt, d'Käscht vum Géigner ze zerstéieren.

Géint den 82 Joer ale Gewënner vun der Käschte-WM gëtt et elo de Verdacht, datt hie kéint bedrunn hunn. Dem Organisatiounskommitee vun de "World Conker Championships" no ginn d'Virwërf géint den David Jakins nach ënnersicht. Fir Liicht an d'Donkel vun dësem Käschte-Krimi ze bréngen, wäerten ënnert anerem och Videoopnamen ausgewäert ginn.

D'Organisatioun geet aktuell nach net vu Bedruch aus, ma dem Beschëllegte säi Géigner an der Finall, den Alastair Johnson-Ferguson, gesäit dat anescht. Wéi ënnert anerem den "Daily Telegraph" schreift, beschëllegt hien den 82 Joer alen David Jakins, an der Competitioun onerlaabterweis eng Käscht aus Stol benotzt ze hunn. Dës wier brong lackéiert a vun enger richteger Käscht net ze ënnerscheede gewiescht.

"Meng Käscht huet sech mat engem Schlag opgeléist, an dat geschitt sos ni", esou den 23 Joer alen Alastair Johnson-Ferguson iwwer d'Finall géint den David Jakins. De beschëllegte Gewënner dementéiert d'Virwërf allerdéngs. Hien hätt d'stole Käscht net benotzt, ma se "just aus Spaass" derbäi gehat.

De Bedruchsverdacht kritt doduerch méi Gewiicht, datt de Beschëllegte virun der Kompetitioun domat beoptraagt war, d'Käschte fir d'Kompetitioun ze preparéieren, also d'Lächer an d'Käschten ze maachen an d'Schnouer drun ze befestegen. Hien hëlt schonn zanter 1977 un der Käschte-WM deel, déi et zanter 1965 gëtt.