De Marcel Barros sammelt Akkuzellen, fir dorausser gréisser Akkuen ze bauen, déi dann der Populatioun an der Ukrain sollen zegutt kommen.

Nom Motto: All Mënsch kann hëllefen, geet de Marcel Barros mam gudde Beispill vir. De Mann huet duerch d’Fra vun engem Aarbechtskolleeg, déi hei wunnt a Famill an der Ukrain huet, op der Sekonn gehandelt.

Den Ament ass wéinst dem Krich a ville Géigenden an der Ukrain e Blackout, also kee Stroum, an dëst 10 Stonne pro Dag. Villes vum Stroumnetz gouf zerstéiert an et geet net méi duer, fir alles ze speisen. De Marcel ass hi gaangen an huet souzesoen eng grouss Batterie gebaut. Dës huet en aus recycléierten Zelle gebaut. Elo probéiert hien och anerer ze motivéieren, fir mat ze hëllefen. Amplaz al Akkuen ewech ze geheien, soll ee se fir de gudden Zweck spenden.