An de leschte Méint ass de Präis vum Botter däitlech geklommen, ma e kéint nach weider an d'Luucht goen.

Iwwerdeems d'Präisser vu Weess a Raps an nächster Zäit wäerte falen, wäert dee vum Botter eropgoen.

Bei eisen däitschen Noperen ass de Präis-Rekord aus dem Joer 2022 gebrach an ass domat esou deier wéi nach ni. An dofir ginn et direkt e puer Grënn. Haaptgrond ass d'Mëllech. D'Bauere liwwere manner Quantitéiten, gläichzäiteg ass d'Nofro no Kéis méi héich. Duerch dës Nofro ass manner Fett zur Verfügung, dee fir d'Hierstelle vu Botter gebraucht gëtt. Och d'Ernärung vun de Kéi spillt eng Roll an do komme mir dann och op d'Thema Meteo ze schwätzen.

Wat d'Kéi besser Wiss kënne friessen, wat de Fett-Undeel an hirer Mëllech eropgeet. Dëst Joer, mam ville Reen, stounge vill Weeden ënner Waasser. Wiss ass zwar wuel vill gewuess, ma d'Kéi waren deels och vill méi am Stall. Dëst Joer koum nach de Problem vun der Blo-Zonge-Kränkt dobäi. Zwar stierwen däitlech manner Kéi wéi Schof un dëser Krankheet, ma et wierkt sech op hir Mëllech-Leeschtung aus.

De Präis vum Botter ass schonn am Laf vun 2022 ëmmer méi deier ginn, bedéngt duerch den Ukrain-Krich an d'Energiekris.

Virausgesot goufen d'Präishaussë schonn am August. Wéi d'Statistescht Bundesamt matgedeelt huet, mussen d'Consommateuren an Däitschland zanter August dëst Joer ganzer 41% méi bezuele fir de Botter wéi nach 2020.

Bis Chrëschtdag soll de Präis kontinuéierlech an d'Luucht goen. Dat ass bekannterweis déi Zäit, wou de Botter-Verbrauch an de Stéit an d'Luucht geet. Et ass Bak-Saison.

Wéi ass et zu Lëtzebuerg?

Och hei klëmmt aktuell de Präis vum Botter. Hei kéint de Präis-Rekord dann ëm d'Feierdeeg erreecht ginn. Mir hu mam Direkter vun der Luxlait, Gilles Gerard, iwwer de Phenomen geschwat.

Radio-Reportage: Botter sou deier wéi ni