Och haut nach ass déi orange Maus bei Kanner immens beléift a vill freeë sech zu Köln eng Foto mat hir ze maachen. Ufank der Woch gouf se awer entfouert.

En Dënschdeg de Moie de Schreck virun der WDR-Redaktioun zu Köln: Déi orange Maus, déi fir de 50. Joresdag vun der éischter Episod vun der "Sendung mit der Maus" 2021 opgestallt gi war, ass verschwonnen. E Schëld op der Plaz huet awer schonn ugedeit, datt eng geplangt Aktioun hannendru stécht a se net just geklaut gouf.

"Ech muss eppes Wichteges maachen. Dowéinst ginn ech op eng kleng Rees", war dorop ze liesen. Donieft gouf op en Instagram-Profil verwisen.

Ee ganzen Dag laang war d'Maus verschwonnen, éier se e Mëttwoch eng 150 Kilometer vun hirer Plaz ewech zu Mainz erëmfonnt gouf. "D'Maus wäert am Kader vun hirem Ausfluch an enger Rei däitsche Stied Halt maachen, fir en Zeeche géint déi drastesch Kierzungen an der Informatiouns- a Bildungsoffer vum ëffentlech-rechtleche Rundfunkt (ÖRR) ze setzen", heescht et vun der Cheffin vun der Organisatioun Campact, der Astrid Deilmann, déi hannert der Aktioun stécht. Mainz wier deemno deen éischte Stopp. Enn vun der Woch soll de Kannerstar nees a senger Heemecht virum WDR sinn. De WDR huet sech an enger éischter Reaktioun allerdéngs net begeeschtert vun der Aktioun gewisen.

"Och wann d'Initiatore mat dëser Aktioun eegenen Aussoen no op de Wäert vum ëffentlech-rechtleche Rundfunk hiweise wëllen, dierf d'Maus aus Siicht vum WDR net fir politesch Campagnë benotzt ginn", heescht et an engem Schreiwes. Et wier een a Kontakt mat der Organisatioun a géing "weiderhin dovun aus goen, datt d'Maus esou séier wéi méiglech a wuel op rëm op hir Plaz" zeréck kënnt. Aktuell géing de WDR och kee Besoin gesinn, Plainte ze maachen. Et géing ee sech dee Wee awer oppen halen.

D'Maus als "ideal Ambassadrice"

"D'Maus ass als wäit bekannt Sympathieträgerin déi ideal Ambassadrice fir den Erhalt vun der Informatiouns- a Bildungsoffer vun ARD, ZDF an Deutschlandradio", huet d'Astrid Deilmann vu Campact e Mëttwoch erkläert.

Debatt iwwer ëffentlech-rechtleche Rundfunk

Hannergrond vun der Aktioun sinn Debatten iwwer déi zukünfteg Gestaltung vum ëffentlech-rechtleche Rundfunk. Enn Oktober wëllen déi däitsch Ministerpresidenten iwwer eng Reform schwätzen, bei där et och ëm d'Finanzéierung wäert goen. Ënnert anerem si sech d'Bundeslänner net eens, ob d'Taxe fir de Rundfunk op den 1. Januar 2025 klamme sollen. Doriwwer eraus sollen et manner Radio- a Spartesender ginn.