64.000 Artikelen a Lëtzebuerger Sprooch
2001 gouf Wikipedia gegrënnt. Just 3 Joer méi spéit huet eng Studentin deen éischten Artikel op Lëtzebuergesch online gesat.
Wikipedia Lëtzebuerg feiert dëst Joer säin 20. Gebuertsdag. Bei der gratis online Enzyklopedie ka jidderee Saachen nosichen, ma och matschaffen an Texter schreiwen. Dëst maache Fräiwëlleger op der ganzer Welt. Zanter 2004 och hei am Land, am Schnëtt eng 20 Persounen.
Dräi dovunner sinn de Marc Espen, den Tom Diderich an de Jean-Louis Gindt. Si si Member vun der Asbl. Wikimedia Lëtzebuerg, déi virun 8 Joer gegrënnt gouf, fir Wikipedia Lëtzebuerg no baussen ze vertrieden, an nei Wikipedianer z’encadréieren.
D’Grënn, wisou déi dräi an hirer Fräizäit gratis fir Wikipedia souzesoe schaffen, sinn änlech. "Et wëll een eppes maachen, wat och fir aner Leit sënnvoll ass", seet de Marc Espen. Den Tom Diderich ergänzt: "A wann dat sech dann zu engem grousse Ganze wéi Puzzelstécker zesummesetzt, da kann ee soen, do ass eppes, wat Hand a Fouss huet." "Dat, wat mech interesséiert, ass d’Saachen iergendwou hinzeschreiwen, dass ech et net vergiessen", erkläert de Jean-Louis Gindt, dee lueft, dass esou ëmfangräich Quelle bei den online Artikelen ze fanne sinn.
Bei ville Leit huet d’online Enzyklopedie zu senger Ufankszäit fir d‘éischt emol virwëtzeg gemaach. Besonnesch Schüler hu sech d’Hänn geriwwen, fir d’Wikipedia-Artikele kënnen zu hirem Virdeel ze benotzen. Mee och deen een oder anere Proff wousst, déi nei Enzyklopedie ze notzen. De Jean-Louis Gindt war viru senger Pensionéierung Proff an engem Lycée an huet schonn 2012 mat Wikipedia zesumme mat senge Schüler geschafft. "Amplaz d’Schüler en Exposé maachen ze loossen, deen dono an d’Dreckskëscht flitt, hunn ech gesot, komm mer schreiwen Artikelen zesummen, déi et nach net gëtt", erënnert hie sech. Mat enger 3ième-Klass huet hien zesummen en Artikel iwwer d’Juddentum zu Lëtzebuerg geschriwwen, deen et nach net op Lëtzebuergesch gouf. Nach haut wier dësen Artikel d’Basis vun engem vill méi groussen Artikel.
D’Geschicht vu Wikipedia
Wikipedia ass 2001 online gaangen. Dat Joer waren awer just Honnerten Artikel op Englesch ze fannen. Dräi Joer méi spéit huet eng Studentin deen éischten Artikel op Lëtzebuergesch verfaasst, an domat de Grondstee vu Wikipedia Lëtzebuerg geluecht. An deem Joer ware scho 500.000 Artikelen op Wikipedia a 50 verschiddene Sproochen ze fannen. 2010 waren et schonn 250 Sproochen an 91.000 Leit hu mat dru geschafft, fir Artikelen ze schreiwen an z’editéieren. 10 Joer méi spéit gouf de Site iwwer 20 Milliarde Mol ofgeruff. 2024 sinn iwwer 60 Milliounen Artikelen op Wikipedia ze fannen, dovunner 64.000 op Lëtzebuergesch.
Wikipedia wiisst ëmmer weider. Natierlech och a Lëtzebuerger Sprooch. Vill mat Wëssen iwwer d’Land. Wikimedia Lëtzebuerg huet dofir och e Projet lafen, fir de Site weider ze fidderen. "Iwwer all Persoun, déi op engem Stroosseschëld steet, soll et en Artikel ginn", erkläert den Tom Diderich. Sou kéint een dann nosichen, wann ee sech freet, no wiem eng Strooss benannt ass. "Wou, wann net op der Lëtzebuergescher Wikipedia Säit", freet den Tom Diderich.
Antëscht sinn awer Artikelen zu alle méigleche Sujeten ze fannen. Vill Geschicht, Geografie a Biografien. Jee nodeem wat d‘Interessie vun de Wikipedianer sinn. Eng nei Erausfuerderung sinn elo d’Fotoen. "Et gëtt Objeten, déi ee schlecht fotograféiert kritt, mat engem normale Fotoapparat", betount de Marc Espen. Aus der Loft erhofft ee sech elo besser Opname fir de Site.
Permanent ass een op der Sich no neien aktiven Utilisateuren, déi hëllefen, de Projet auszebauen. Fir d‘Leit um Site ze halen, gëtt et dann och d‘Rubrik "Wousst Dir schonn datt...", wou et all Dag neit Wëssen z’entdecke gëtt.
Zwar ka jiddereen individuell fir sech um Projet Wikipedia a Wikipedia Lëtzebuerg matschaffen. Wien awer Austausch sicht, oder wëll gewise kréien, wéi ee sech am beschten uleet, ka sech bei Wikimedia Lëtzebuerg mellen.