Mantelsonndeg ass en traditionelle Rendez—vous fir all déi, déi op der Sich no enger gudder Affär sinn.

Wéi vill Leit Aktioune wéi de Mantelsonndeg an d’Stad lackelen, hänkt ëmmer staark vum Wieder of. Dat huet e Sonndeg matgespillt an deemno ware vill Clienten an de Butteker. 
 
D’Leit waren op der Juegd no Kleeder fir de Wanter, fir wann d’Temperature falen, an awer och no enger gudder Affär. "Mäntel, Mäntel, Mäntel", äntwert d’Arianna Bambara, Responsabel vun engem Kleederbuttek, wann ee si freet, no wat d’Leit am meeschte froen. Fir de Recht wieren et ënner anerem Pullover a Schaler. 
 
Net all d’Butteker maache beim Mantelsonndeg mat. Anerer hunn eigentlech näischt mat Mäntel ze dinn, sinn awer mat dobäi. "D’Leit sichen haaptsächlech déi nei Kollektioun", ënnersträicht d’Catia Gomes, Responsabel an engem Schongbuttek. Se géingen natierlech awer och no de Prozenter sichen. 
 
10, 20, 30 Prozent. Vill Leit waren an der Groussgaass an der Stad ënnerwee, an dat och schonn ier d’Butteker um 14 Auer hir Dieren opgemaach hunn. Hätt et sech rentéiert, fir 8 Stonnen opzemaachen? Eng Sonndeg-Aarbechtszäit vun 8 Stonnen am Plaz wéi bis elo 4 ass jo eng Diskussioun, déi elo nees vun der Politik ugestouss gouf. 
 
Ob 8 Stonne Sonndes positiv wieren, wier schwéier soen, seet d’Christelle Dossantos, Responsabel vun engem Kleederbuttek. Si ass der Meenung, dass d’Leit Sonndes wéilten bei der Famill sinn, zesummen iesse goen. "Ech mengen an der Stad, vun 13 Auer Mëttes bis 18 Auer Owes ass korrekt, mee dat ass meng perséinlech Meenung", mengt d’Verkeeferin. 
 
Eng Aschätzung, déi net vu jidderengem gedeelt gëtt. “Dat kann eng ganz gutt Iddi sinn. Et muss een de Clienten e Service bidden. Well et komme vill Touriste Sonndes op Lëtzebuerg”, betount d’Arianna Bambara.  
 
D’Eropsetze vun der Aarbechtszäit um Sonndeg wier eppes, wat nach misst weider diskutéiert ginn, seet d’Catia Gomes. Verschidde Geschäfter wéilte sécher, dass d’Salariéen dierfe sonndes 8 Stonne schaffen am Plaz vu 4. Et hätt een och schonn Diskussiounen iwwert de Sujet gehat, an d’Salariéë wiere wuel éischter dofir. 
 
Um Enn misst een eben d’Rechnung maachen, tëscht der Rentabilitéit fir de Commerce an dem Confort fir d’Mataarbechter, déi deels vu wäit hierkommen.