De Lëtzebuerger Architekt Graziano Ricco huet säi Beruff mat senger Passioun fir Fräizäitparke kombinéiert.

Zu Hürth bei Köln wunnt de 34 Joer ale Graziano Ricco. No senger Leier als Bauzeechner huet hie seng Première nogeholl an zu Köln ugefaangen, Architektur ze studéieren. Mëttlerweil ass hien dann och Architekt an entwërft a sengem Beruff Attraktiounen a Fräizäitparken.

Als Student huet hien am Phantasialand geschafft an do koum dunn och seng Passioun fir Fräizäitparken op. Zanter 2013 wunnt de gebiertegen Ettelbrécker elo zu Hürth bei Köln an ass vun der Oppenheet an der Stad nach ëmmer begeeschtert. Hien huet dowéinst och net wëlles, deemnächst zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.

E groussen Deel vu senger Aarbecht kann hien am Home Office maachen. Wann d’Iddi dann awer bis méi konkret gëtt an d’Bauphas ufänkt, ass hien och vill um Terrain ënnerwee. Vill Zäit verbréngt de Graziano dofir och a Fräizäitparken.

Rezent hunn hien a seng Ekipp dat gréisst Indoor-Horrorhaus an Europa am Movie Parc zu Bottrop installéiert. Wärend zwee Méint huet hien dat 14.000 Metercarré grousst Labyrinth zesummegebaut a sech dobäi um Horrorfilm "A Qiet Place" inspiréiert. Mëttlerweil ass de Projet och ofgeschloss an et huet een och alles dem Park iwwerginn. Fir de Graziano Ricco geet et elo virun an de nächst Fräizäitpark an et gëtt sech mat der nächster Attraktioun beschäftegt.