Am Studium "Content Creation and Social Media" geet et haaptsächlech dorëm, déi eege Presenz op de soziale Medien ze vermaarten an domat Suen ze verdéngen.

Op der South East Technological University zu Carlow südlech vun der Haaptstad Dublin gëtt et vun elo un ee ganz neie Studium, dee sech spezifesch un zukünfteg Influencer riicht. D'Iddi fir den neie Studiegang war an engem Crash-Cours mam Numm "Digital Hustle" entstanen, dee vun der eemoleger Tëlee-Produzentin an der Direktesch vum neie Studium Irene McCormick geleet gouf.

De Bachelor-of-Arts-Ofschloss, fir dee Cotisatioune vun 13.500 Euro ze bezuele sinn, soll hei bannent véier Joer erreecht ginn. An de verschiddene Modulle geet et ënnert anerem ëm Entrepreneursgeescht, d'Erstellung vu kreative Videoen, psychologesche "Storytelling", Daten-Analys, Podcasts an d'Léier vu Bekanntheeten. 15 Studenten hunn hir Studien am aktuelle Wantersemester gestart, fir sech een erfollegräicht Standbeen an de soziale Medien opzebauen.