McDonalds-Restaurant kritt masseweis schlecht Bewäertungen

© Photo by POOL / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Et war e PR-Optrëtt vum fréieren US-President am Kader vu senger Walcampagne: Hien huet "eng Schicht" an engem McDonalds am Pennsylvania geschafft.
Dësen Optrëtt ass fir dëse Schnellrestaurant awer no hanne lassgaangen. Am Internet krut dëse McDonalds masseweis Spaasscommentairen a ganz schlecht Bewäertungen. Yelp ass esouwäit gaangen, datt si d'Säit vum Restaurant fir weider Commentaire misste spären.
"De Service um Client war e Witz", heescht et an enger Bewäertung. "E senillen ale Mann huet Crème, fir Brong ze ginn, op meng Fritte geschmiert an hat och nach keng Händschen un", esou en anere Commentaire. Och gouf dem Mann, deen akasséiert huet, virgehäit, datt hien d'Wiesselgeld net zeréckginn hätt, obwuel hie sech drop behaapt hätt.
Vun den 104 Bewäertungen, déi de Schnellrestaurant krut, haten der 76 just ee vu méigleche fënnef Stären.