Fir begeeschtert Stärekuckerten huet den Nuetshimmel den Ament genuch ze bidden.

Eréischt leschten Donneschdeg war nees e Supermound ze gesinn, elo ass et de Koméit C/2023 A3 Tsuchinshan-Atlas.

RTL

© Tom Demuth

D'Foto, déi Dir uewe gesitt, gouf en Dënschdeg den Owend ëm 20.46 Auer vum RTL-Lieser Tom Demuth am Préizerdaul opgeholl (Beliichtung +- 6 Sekonnen, bei ISO1600, f2.8  bzw 1.8).

Och e Mëttwoch den Owend vun ongeféiert 19.30 Auer u war en a Richtung Südwesten iwwert der Venus ze gesinn, ier en dunn nees ëm kuerz no 22 Auer am Weste verschwonnen ass.Nieft dem Tom Demuth, deen e Mëttwoch den Owend d'Vue op de Koméit zu Groussbus an am Préizerdaul agefaangen huet, hunn eis eng Hellewull aner RTL-Lieser eis hir Fotoen erageschéckt. Dir fannt de uewen an eiser Fotosgalerie.

Konnt Dir de Passage vum Koméit C/2023 A3 Tsuchinshan-Atlas och mat Ärer Kamera festhalen? Schéckt eis d'Biller op d'E-Mail foto@rtl.lu!

Et ass e seelent Schauspill um Himmel - déi nächst Kéier, datt een de Koméit mat bloussem A wäert kënne gesinn, ass viraussiichtlech eréischt an 80.000 Joer.

Entdeckt gouf de Koméit, deen ursprénglech aus der "Oort"-Wollek um Bord vun eisem Sonnesystem kënnt a sech ëmmer méi no op d'Sonn zoubeweegt, eréischt am Januar 2023. Et ass ee vun den hellste Koméiten an de leschten 100 Joer a gëtt dowéinst och zu de "Grousse Koméite" gezielt.

De Koméit zitt seng Bunnen no un der Äerd schonn zanter enger Zäit, esou datt en a villen europäesche Regiounen och scho konnt gesinn a fotograféiert ginn. D'lescht Woch war en zum Beispill scho relativ kloer iwwert dem däitsche Bundesland Brandenburg ze gesinn.

Wien dovunner profitéiere wëll, datt den C/2023 A3 Tsuchinshan-Atlas der Äerd grad besonnesch no ass, dee kann e wuel nach bis de 25. Oktober mat bloussem Ae gesinn, bis Ufank November sollt en nach mat der Spektiv siichtbar sinn.

RTL

© Tom Demuth