De Vlogger Mark Wolters reest mat senger Famill duerch d'Welt a gëtt a senge Videoen ëmmer nees seng Impressioune vun de Länner weider.

Virun e puer Méint gouf hie vun engem vu senge Follower gefrot, wat fir hien dat onfrëndlechste Land wier, wat hie bereest huet a Lëtzebuerg packt et hei an d'Topp 5 vu senger Lëscht, zesumme mat der Belsch, Dänemark, China an Argentinien.

Iwwer eng Millioun Follower huet de Vlogger, also de Video-Blogger, deen duerch d'Welt reest an d'Leit u sengen Impressiounen deelhuele léist. Dobäi ass den US-Amerikaner och duerch de Grand-Duché gereest. Wärend d'Land a sengem urspréngleche Video guer net esou schlecht ewechkënnt, seet hien awer näischt zu de Leit selwer. An dat aus guddem Grond. "Wéi der mierkt, soen ech ganz dacks, datt d'Awunner ganz frëndlech sinn" gëtt de Wolters am "Spezial-Video", wou hien op d'Fro vun engem User ageet, ze bedenken. Wann ech awer näischt soen, bedeit dat ganz gären, datt d'Leit am Land net esou frëndlech waren.

Seng Erklärung dofir ass dës: "Si gi ganz gutt bezuelt. Si hunn eng schéi Plaz, wou se liewen. Si hu gutt Saachen do, si hu vill Suen. Du bass hinnen awer egal. Et ass hinnen och egal, Dir ze hëllefen. Well du ziels net, hinne geet et gutt. Du kënns op Lëtzebuerg an du solls dankbar sinn, datt si Dech heihi komme gelooss hunn. Dat ass de Vibe, deens de gären emol am Restaurant, an der Bar oder op den Touristeplaze kriss, et ass e bësse frustrant."

Mark Wolters am Interview

D'Kolleege vum RTL Today hunn de Mark Wolters iwwert de Video, deen hie viru véier Méint online gesat huet an deen 1,4 Millioune Leit erreecht huet, kontaktéiert a mat him driwwer geschwat.

Seng Zäit zu Lëtzebuerg huet hie genoss an hie géif och gären erëmkommen, esou de Wolters direkt am Ufank vum Interview. "Mir hu Frënn, déi do liewen, an déi mer schonn e puer Mol besicht hunn". Lëtzebuerg war wuel och eng Kéier eng méiglech Plaz, fir ze wunnen, dono huet d'Famill sech awer fir Brasilien entscheet.

"Ech mengen, Lëtzebuerg ass eng mysteriéis Plaz fir en Amerikaner. Si fueren nämlech éischter op Köln oder Paräis, si wëssen also net, wat si erwaart." E grousse Kritik vum Wolters ass, datt Clienten an de Geschäfter hei am Land "ignoréier" ginn. Déi Erfarung hätt hien och a méi Geschäfter gemaach, wou d'Personal einfach "den anere Wee" gekuckt huet. Well de Mark Wolters och Däitsch a Franséisch schwätzt, kéint dat net de Problem gewiescht sinn. "Et ass esou wäit gaangen, datt meng Kanner mech gefrot hunn, ob mir eppes falsch gemaach hätten".

An Däitschland dogéint wieren d'Leit richteg professionell a géifen d'Clienten u sech mat rou loossen, bis si no Hëllef gefrot ginn.

"Ech war u sech ganz gär zu Lëtzebuerg, awer nodeem ech duerch meng Lëscht gaange sinn, vun all de Plazen, wou ech a meng Famill waren, ass dëst dat onfrëndlechst Land. Awer keng Suerg, et ginn och ganz vill ganz frëndlech Leit am Land,"

Besonnesch gefall huet him, datt Lëtzebuerg esou propper wier, grad, wann een aus Frankräich eriwwer kënnt. Och déi verschidde Plazen a Sitten an der Stad hunn him et ugedoen.

An Amerika ass een eng aner Kultur gewinnt, grad, well d'Leit a Restauranten a Bare wéineg verdéngen an op d'Drénkgeld ugewise sinn. Zu Lëtzebuerg huet een awer net dat Gefill, esou de Wolters. Op der anerer Säit kënne Leit aus Lëtzebuerg och d'Gefill an Amerika hunn, datt hir Frëndlechkeet an de Geschäfter fake an opgesat ass.