En Deel vum Schlass Balmoral vum brittesche Kinnek Charles III. am Norde vu Schottland kritt en Imagewissel.

An Zukunft soll een do och kënnen Hochzäite feieren. Dat geet aus enger Demande bei der zoustänneger Gemeng vun Aberdeenshire ervir. Do geet et deemno ëm Pläng, fir "Hochzäiten, Galaiessen, Versammlungen an domat verbonnen Evenementer" am sougenannte Queens Building ofzehalen. 
 
Falls dës Pläng eng Zouso kréien, heescht dat, dass eng Hochzäit mat 400 Gäscht, déi scho fir e Mëttwoch geplangt ass, do kann organiséiert ginn. Et gouf och ëm Erlabnis gefrot, spéit owes nach dierfen Alkohol ze zerwéieren a Musek ze spillen.

Aus der Demande geet awer och ervir, dass esou Events op d'Joer verdeelt nëmme seele wäerten organiséiert ginn. Et wier och net geplangt, aus Balmoral eng "kommerziell Plaz ze maache fir Hochzäiten", sou e Spriecher vum Domaine.

D'Schlass Balmoral war de léifsten Domaine vun der Queen Elisabeth II., déi den 8. September 2022 am Alter vu 96 Joer verscheet ass. De Queens Building gouf an den 80er Joren als Annexe gebaut, wou eng Kantin dran ass a wou d'Personal ka schlofen. D'Grondstéck erstreckt sech iwwer 20.000 Hektar Moor-, Bësch- an Agrarflächen.