Drauwelies dëst Joer éischter kleng, dofir awer gutt

© AFP
Et hat sech ugedeit. Duerch d'Meteo ass et ëm de Wäin dëst Joer net sou gutt bestallt, op d'mannst mol quantitativ.
Wéi den Däitsche Wäininstitut (DWI) matdeelt, wier d'Wäilies qualitativ dogéint awer gutt ausgefall. Frascht, vill Nidderschléi an eng wiesselhaft Meteo hunn a ville Betriber méi Asaz an eng héich Flexibilitéit gefuerdert. An dat gëtt also och elo belount, mat enger bundeswäiter gudder Drauwequalitéit.
Et gëtt sech deemno eng bundeswäit Recolte vu ronn 7,9 Milliounen Hektoliter Wäimost erwaart. Dat sinn der nach emol manner wéi déi estiméiert 8,26 Milliounen, déi d'Statistescht Bundesamt virun zwou Woche genannt hat. Am Verglach mam Duerchschnëtt vun e leschten 10 Joer erwaart den DIW e Minus vun 10 Prozent.
Eng änlech Recolte gouf et fir d'lescht am Joer 2017. Och do war et regional duerch extrem schlecht Wiederkonditioune bedéngt, mat groussen Temperaturschwankungen.
Virun allem an den ëstlechen Ubaugebidder waren d'Recoltë schlecht. Ma och un der Ahr an un der Musel ginn et aussergewéinlech wiederbedéngt Verloschter. Besser ass et dogéint an den zwee gréisste Wäibaugebidder Rheinhessen a Pflaz gelaf. D'Riewe wieren do en Gros vum Frascht verschount bliwwen, sou den DIW.

Keen Eenzelfall dëst Joer... / © AFP
Re ville Reen wier awer net negativ ze bewäerten. En hätt eng positiv Entwécklung op d'Entwécklung vun de Riewen. Déi gutt Waasserversuergung hätt donieft zu "extraräiche Wäiner mat ausgepräägter Mineralitéit" gefouert. Och déi méi laang Räifphas hätt sech positiv op d'Produktioun vun Aromaen an de Bieren ausgewierkt.
Dës Joer kann ee sech am Schnatt op méi liicht Wäiner freeën an déi géifen och perfekt dem aktuell vill gefrote Wäintyp entspriechen.