Mat oder ouni Kornischong, dat ass wuel déi am meeschte gestallt Fro, wann et ëm de Mc-Donalds-Burger geet.

Et ass awer lo net d'Kornischong, déi vum Burger gestrach gëtt, mä d'Ënnen. An et huet och näischt mam Goût ze dinn. Déi nei Virsiichtsmoossnam kënnt vu Yum! Brands, enger Firmegrupp, zu där och KFC, Pizza Hut an Taco Bell, zielt a  vu Burger King.

De Grond ass en E-Coli-Ausbroch an den USA. Méi genee wiere giel Ënne Schold. Do goufen d'Kolibakterien festgestallt, wéi den US-Landwirtschaftsministère wësse gedoen huet, a Fast-Food-Restaurante kruten ordonéiert, dës net méi ze benotzen.

Wéi McDonald's matgedeelt huet, deiten éischt Ënnersichungen effektiv drop hin, dass Ënnen a Verbindung mat de sëllegen Erkrankungen an den USA stinn. Et géif sech hei ëm een eenzege Fournisseur handelen, deen dräi Betribszentere beliwwert. NBC News huet an engem Bericht den Numm "Taylors Farm" genannt.

D'US-Gesondheetsagence CDC huet am Ganzen 49 E-Coli-Fäll an 10 Bundesstaaten enregistréiert. Sämtlech Betraffe ware virdrun an de McDonald's iessen. En eeleren Här ass an deem Zesummenhang souguer gestuerwen. Si all haten dee selwechten E-Coli-Stamm am Blutt a si all haten een an dee selwechte Burger giess, ee mat frëschen Ënnen. Dëse gouf antëscht an e puer Bundestaate vun der Kaart geholl.

Zu de Symptomer vun enger E-Coli-Infektioun gehéiere staark Mokrämp, Duerchfall a sech iwwerginn. Déi meescht Mënschen erhuele sech, och ouni Traitement, bannent 5 bis 7 Deeg.