Um 3 Auer an der Nuecht ass d'Zäit ëm eng Stonn zréckgesprongen.

Schonn zanter e puer Joer ginn et Diskussiounen doriwwer, ob eng Zäitëmstellung iwwerhaapt nach zäitgeméiss wier. Dowéinst war se och scho méi dacks een Thema am EU-Parlament, wou am Joer 2019 beschloss gouf, datt een dës Praktik ofschafe géif. Dozou ass et bis haut allerdéngs ni komm, well nach ëmmer net all EU-Staaten zougestëmmt hunn.

Op anere Plaze vun der Welt gëtt et d'Zäitëmstellung scho méi laang net méi, sou ënnert anerem an der Tierkei, Japan, China a Brasilien. Agefouert gouf se an Europa als éischt 1980 an Däitschland, wou een duerch d'Verréckele vun der Zäit méi laang vum Dagesliicht profitéieren an domat Energie spuere wollt. Well sech dës Decisioun favorabel op d'Wirtschaft ausgewierkt huet, sinn doropshin ëmmer méi EU-Länner nogezunn.

Och méi wéi 40 Joer duerno war et dëse Weekend also rëm esou wäit an et konnt een eng Stonn méi laang schlofen, wéi d'Zäit an der Nuecht vum 26. op de 27. Oktober vun 3 op 2 Auer zréckgestallt gouf.