Um Himmel iwwer Biissen
Keen Naturphenomen, mee Starlink

© Dan Dorner
Satellitte vu SpaceX, déi fir eng Internetverbindung genotzt ginn, waren e Sonndeg um Himmel ze gesinn.
Weder ee Vugel, nach ee Fliger, nach de Superman. Neen, um Himmel iwwer Biissen waren e Sonndeg d'Satellitte vu Starlink ze gesinn.
Et handelt sech dobäi ëm ee Projet vun der US-amerikanescher Firma SpaceX, dee genotzt gëtt, fir Accès zum Internet ze etabléieren. D'Satellitte sinn ze gesinn, wann den Himmel däischter ass an dës d'Liicht vun der Sonn reflektéiert. Obwuel déi eenzel Punkten am Verglach mat Stären net staark liichten, si se als Ketten awer gutt ze erkennen.
Am meeschte gelies