Nei zu Lëtzebuerg
E Mëttwoch ass d'Ouverture vun der "Maison B", do wou soss de "Boos" war

© Raphaël Ferber / RTL Infos
Ee Joer nodeems de Boos um Briddel seng Dieren zougemaach huet, geet elo en neie Restaurant do op, mat engem neien Duo un der Spëtzt.
D'Aline Bourscheid an de Clovis Degrave, déi keng Onbekannt sinn an der Lëtzebuerger Gastronomie, hunn dat neit Konzept op d'Been gestallt. Si sinn och d'Gerante vun der Hostellerie du Grünewald a vum Grünewald Chef's Table.
Wouhier kënnt den Numm "Maison B"? "Well et en aalt Haus war an et ass een um Biergerkräiz", esou d'Äntwert vun de Geranten.
An der Kichen assuréieren de Laurent Bonnarens (virdrun am Toit pour Toi an Ikki) an den Emmanuel Jamet (virdru Sous-chef am Jardin d'Anaïs).
©
Raphaël Ferber / RTL Infos
©
Raphaël Ferber / RTL Infos
©
Raphaël Ferber / RTL Infos
©
Raphaël Ferber / RTL Infos
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies