Vun der Showhypnos bis zur Hypnotherapie: Wat stécht dohannert?
D’Hypnos fënnt ee souwuel op de Bünen, wéi och am therapeuteschen a medezinesche Beräich. Ma wéi funktionéiert se, wat bitt se u Méiglechkeeten a Geforen?
Bicher, Filmer a Serien hu wuel dozou bäigedroen, dass ee beim Wuert "Hypnos" un eppes Mystesches, Magesches, vläicht esouguer Grujeleges denkt. En Image, deen d'Hypnos just schwéier lassgëtt, och wann et hautdesdaags duerchaus gängeg ass, sech beispillsweis hypnotiséieren ze loossen, fir mam Fëmmen opzehalen.
Ma wat stécht dohannert? Wat genau geschitt bei enger Hypnos? Ass jidderee gläichermoossen empfänglech a muss een dru gleewen, fir dass se funktionéiert?
E volle Kinossall op engem Freidegowend, ma et geet net ëm den neiste Blockbuster. D'Publikum kuckt op eng Rei vu Still, op deene Leit sëtzen, déi mengen, grad eng Autoscourse ze fueren. Se gi Gas, fluchen a schéngen näischt aneres méi ronderëm sech wouerzehuelen. Si stinn ënner Hypnos. En Zoustand, deen - entgéint deem, wat vill Leit mengen - näischt Iwwernatierleches ass, un dat ee gleewe muss.
Et ass eng Technik, déi ee léiere kann, fir Leit an Trance ze versetzen. En Zoustand, deen een am Alldag zum Beispill erreecht, wann een an e Buch verdéift ass oder wärend dem Autofueren a Gedanken ofschwäift. An der Showhypnos géif et dann eben drëm goen, d'Leit domat ze ënnerhalen, dass een demonstréiert, wat an deem Zoustand méiglech wier, erkläert den Alexandre Leleu, den als "Alex Hypnotiseur" optrëtt.
Dass Hypnos näischt Paranormales ass, gëtt spéitstens da kloer, wann ee kuckt, a wéi enge Beräicher se soss nach genotzt gëtt. D'Zithaklinik war 2006 dat éischt Lëtzebuerger Spidol, wou d'Technike vun der Hypnos ugewannt goufen. Haut gehéiert et bei hinnen zum Standard, virun enger Operatioun op d'Kommunikatiounstechnike vun der Hypnos ze sëtzen, fir de Patiente Vertrauen ze ginn an hinnen d'Angscht ze huelen. Och wann dëst just eng liicht Form vun der Hypnos wier, déi zousätzlech zu enger lokaler oder Vollnarkos agesat gëtt, wieren d'Effekter vun Ufank un däitlech ze gesi gewiescht.
"D'Leit ware manner gespaant, et huet e bësse manner geblutt a se hu manner anesthésique local gebraucht. Dat heescht de Faite vun der Hypnos u sech war net just eng Plus-value fir de Patient, mä et war och nach eng Plus-value fir de Chirurg an dono eng Plus-value fir d'Allgemengheet, well dono och manner laang um Patient geschafft gëtt", erkläert den Dr. Marco Klop, Anästhesist an der Zithaklinik.
Dass och eng liicht Hypnos eppes aneres ass, ewéi eng einfach Entspaanungsübung, konnt 1997 och wëssenschaftlech nogewise ginn. Am IRM konnt ee siichtbar maachen, dass an der Hypnos effektiv ganz aner Gehierregiounen aktiv sinn, wéi wa Leit wakereg sinn, schlofen oder dreemen.