Mat Effet immediat dierf ee keng Äsche méi um Site vun der aler Inkastad verstreeën.

Um Machu Picchu am Peru ass et vun elo u verbueden, d’Äsche vu senge Verstuerwenen ze verstreeën. Dat huet de Chef vum archeologesche Park an der bekannter Inka-Ruinestad César Medina en Dënschdeg der AFP matgedeelt. Et wier eng Mesure fir de Schutz vun der Gesondheet. Fir d’Verbuet duerchzesetzen, wëll d’Touristenattraktiounen eegenen Aussoen no supplementäert Sécherheetspersonal astellen an Iwwerwaachungskameraen installéieren.

Ausgangspunkt war e Video, deen déi leschte Woch op Tiktok publizéiert gouf, an am Peru fir vill Opreegung gesuergt huet. Dorobber war eng Fra ze gesinn, déi um Machu Picchu Äschen aus enger Plastikstut geholl a se an d’Loft gehäit huet. Dono huet si eng aner Touristin an den Aarm geholl. De Video, dee ronn 30 Sekonnen dauert, a vun der Reesagence IncaGo Expeditions online gesat gouf, hat den Titel "Mat vill Léift um Machu Picchu Äddi soen". Donieft haten de Post d’Hashtaggen "Äschen" an "Äsche verstreeën". De Video gouf antëscht geläscht.

De Medina sot, datt et am Peru net gesetzlech verbuede wier, an der Ëffentlechkeet d’Äsche vu Verstuerwenen ze verstreeën. Um Machu Picchu gëtt et awer elo esou e Verbuet.

Déi fréier Inka-Stad läit um Sommet vun engem Bierg an de peruaneschen Anden an ass déi gréissten Touristenattraktioun am südamerikanesche Land. Si war am 15. Joerhonnert op Uerder vum Inka-Herrscher Pachacutec op der Héicht vun 2.438 Meter opgeriicht ginn. De Machu Picchu gëllt als architektonesch Meeschterleeschtung a gehéiert zanter dem 1991 zum Weltkulturierwe vun der Unesco.