Et ass spéit am Joer an dobausse bléist e kale Wand - héich Zäit, sech nees op Chrëschtmäert wiermen ze goen!

Fir dem schlechte Wieder ze trotzen, maachen uechter d'Land geschwënn nees eng ganz Rei Chrëschtmäert hir Dieren op. Do kann ee sech da mat enger waarmer Taass Glüwäin am Grapp a esou lues awer sécher a Chrëschtdagsstëmmung bréngen.

Et gëtt genuch Evenementer, déi ee ka besichen. Egal ob een am Norden, am Süden, am Zentrum oder am Oste lieft, ob an der franséischer, der belscher oder der däitscher Grenzregioun: Hei am Artikel, fannt Dir eng Iwwersiicht vun de schéinste Chrëschtmäert am Land an an der Regioun!

Weider Infoen zu de Chrëschtmäert an der Géigend fannt Dir bei de Kolleege vun RTL Today an RTL Infos.

Feelt e Chrëschtmaart an eiser Lëscht, dann deelt eis dat gäre mat via eise Feedback-Tool, mat gären och engem Link vum Event.

Zentrum

    1. Winterlights
      22. November – 1. Januar, uechter d'Stad
      D'Winterlights sinn och dëst Joer nees uechter d'Haaptstad verdeelt. Op der Place d'Armes, virun der Gëlle Fra, op der Paräisser Plaz an op der Kinnekswiss kritt een, nieft waarmem Iessen a Gedrénks, och handgemaache Kaddoen.

      Maacht mat bei eisem Gewënnspill fir Consommatiounsbongen
    2. Chrëschtmaart Hesper
      1.–15. Dezember, am Park zu Hesper
      E familljefrëndleche Chrëschtmaart mat Aktivitéite fir Grouss a Kleng. De Maart geet den 1. Dezember ëm 15 Auer op a geet bis de 15. Dezember, mat den Ouverturen um Weekend vu 15 Auer un. Och hei gëtt et Iessen, Entertainment a vill Chrëschtdagsdekoratiounen. 

      Samsdeg, de 7. Dezember 2024
      Sonndeg, den 8. Dezember 2024
      Samsdeg, de 14. Dezember 2024
      Sonndeg, de 15. Dezember 2024
       
      Allkéiers vu 15 bis 21 Auer.
    3. Vegan Xmax Market
      14.–15. Dezember, am Centre Culturel zu Bouneweg
      D'Vegan Society Luxembourg bréngt een zwee Deeg laangen, planzebaséierte Chrëschtmaart an d'Stad, méi genee an de Centre culturel zu Bouneweg. Samschdeg ass de Maart vun 12 bis 21 Auer op, de Sonndeg da vun 11 bis 17 Auer.

    4. Chrëschtmaart zu Stengefort
      6.-8 an 13. bis 15. Dezember, Park zu Stengefort
      Eng 30 Holzhütte wäert et am Park tëscht der Gemeng an der Villa Collart ginn. Dat mat enger Mëschung aus neien an albekannte Stänn.

    5. Chrëschtmaart zu Stroossen
      13. a 14. Dezember am Parc Barblé zu Stroossen
      Virun allem e Samschdeg ass e gutt gefëllte Programm tëscht 16 an 20 Auer, ënnert anerem vun der Chorale "Marinonika" an de S(w)inging Ladies.
    6. Chrëschtmaart zu Hiefenech
      7. bis 8. Dezember, Centre Culturel Hiefenech.
      Samschdes vu 15 - 3 Auer, sonndes vun 11 Auer bis Schluss
    7. Wantermoart an der Fiels
      13. - 15. Dezember, Place Bleech, L-6710 Fiels
      Freides vu 17 bis 21.30 Auer, samschdes vun 11 bis 21.30 Auer, sonndes vun 11 bis 18 Auer
      An Zesummenaarbecht mat der Kultur- an Tourismuskommissioun organiséiert d'Gemeng Fiels de Chrëschtmaart op der Bleech.
    8. Chrëschtmaart zu Nidderaanwen
      6.12 vu 17 bis 22 Auer
      7.12 vun 12 bis 22 Auer
      8.12 vun 12 bis 20 Auer
    9. Chrëschtmaart zu Schëtter
      13.12 vu 17 bis 22 Auer
      14.12 vu 17 bis 22 Auer
      15.12 vu 15 bis 20 Auer
    10. Chrëschtmaart zu Sandweiler
      Op der Duerfplaz
      13.12 vu 17 bis 22 Auer
      14.12 vu 17 bis 22 Auer

RTL

Winterlights / © www.visitluxembourg.com

Süden

  1. Chrëschtmaart zu Déifferdeng
    29. November – 22. Dezember, op der Maartplaz
    Den Déifferdenger Chrëschtmaart ass deen eelsten am Land a geet den 29. November ëm 18.30 Auer op. Vu Mëttwoch bis Sonndeg geet de Maart vu 14 bis 20 Auer, mat extra laangen Ëffnungszäite bis 22 Auer um Freideg a Samschdeg.

  2. Chrëschtmaart zu Diddeleng
    23. November – 15. Dezember, uechter de Stadzentrum
    Zu Diddeleng gëtt et net just een, ma direkt dräi Chrëschtmäert. De Wantermaart ass op der Plaz Am Duerf. Den traditionelle Chrëschtmaart an de mëttelalterleche Chrëschtmaart gi vum 6. bis de 15. Dezember op der Gemengeplaz an der op der Place Kinnen ofgehalen. Op iwwer 60 Stänn gëtt et hei Iessen, Gedrénks a vill traditionell a lokal Produiten.

    Och RTL ass dëst Joer um Diddelenger Chrëschtmaart dobäi! 
    Vum 6. bis de 15. Dezember fannt Dir eis um Chrëschtmaart op der Gemengeplaz. 
  3. Chrëschtmaart zu Esch
    29. November – 22. Dezember, Place de l'Hôtel de Ville
    Op 24 Stänn gëtt et zu Esch méi wéi genuch ze gesinn. Nieft Livemusek gëtt et souguer een Open-Air Kino, deen dëst Joer Première feiert. Um 1. Dezember gëtt et fir déi Kleng dann och eng eng Kleeseschersparad duerch d'Stad, déi zum Schluss um Chrëschtmaart ukënnt.

  4. Chrëschtmaart zu Nidderkäerjeng
    6.–8. Dezember, Place Claus Cito
    Iwwert de Weekend vum 6. bis den 8. Dezember gëtt zu Nidderkäerjeng um Chrëschtmaart e gudde Mix u Live-Musek gebueden, vu professionelle Museker bis hin zu Optrëtter vun der lokaler Museksschoul. Donieft gëtt et och gutt Iessen a Schneekegkeeten, déi Chrëschtdagsstëmmung opkomme loossen.

RTL

Chrëschtmaart zu Käerjeng am Joer 2023 / © RTL Archives

Osten

  1. Chrëschtmaart zu Munneref
    29. November – 15. Dezember, Place des Villes Jumelées
    Iwwert d'Weekender bitt de Chrëschtmaart zu Munneref Iessen an Entertainment. Freides geet et vu 16 bis 21 Auer, samschdes vun 12 bis 21 Auer a sonndes vu Mëtteg bis 20 Auer. Och hei bleift een net hongereg an op den diverse Stänn kann ee sech schonn emol no Chrëschtkaddoen ëmkucken.

  2. Chrëschtmaart zu Gréiwemaacher
    7.–8. Dezember, Place du Marché aux Bestiaux
    Um Chrëschtmaart zu Maacher ginn et net just wanterlech Dekoratiounen, ma och Live-Entertainment an déi üblech Leckereien.

  3. Chrëschtmaart zu Iechternach
    13.–15. Dezember, Place du Marché
    Am historesche Kader vun Iechternach fanne Visiteuren nieft eenzegaartege Geschenkiddien och eng ganz Rei Schneekegkeete fir ze iessen.

  4. De Wanterfestival / Winter Street Food & Shopping
    14.–15. Dezember, op dem Parking vun der Réimecher Schwämm
    Zu Réimech ginn et dëst Joer direkt e puer Chrëschtmäert. De Winter Street Food & Shopping Market leet de Fokus virun allem op eenzegaarteg Kaddoen a gutt Iessen. Op der nämmlechter Plaz ginn et op anere Weekender dann och nach den Handswierks-Chrëschtmaart (30. November  an 1. Dezember) an de Christmas Shopping & Lattl (7. an 8. Dezember).

  5. Hobby-Chrëschtmaart zu Mäertert
    13.–15. Dezember, am Park zu Mäertert
    Um Hobby-Chrëschtmaart zu Mäertert fënnt een nieft handgemaache Produiten och nach ee Karussell fir Kanner, Live-Musek a souguer Chrëschtbeemercher!

  6. Beeforter Wantermaart
    30. Dezember vun 12-20 Auer, 1. Montée du Château, L-6314 Beefort
  7. Chrëschtmaart op der Heringer Millen am Mëllerdall
    6. bis 8. Dezember, 1. rue des Moulins, L-6245 Mëllerdall
    Freides vu 17 bis 22 Auer, Samschdeg vun 12 bis 22 Auer, Sonndeg vun 11 bis 18 Auer
  8. Chrëschtmaart zu Méischdref
    6. bis 8. Dezember, Méischdrefer Duerfplaz
    Freides vu 17 bis 22 Auer, Samschdeg vun 12 bis 22 Auer, Sonndeg vun 11 bis 19 Auer
  9. Chrëschtmoart Iechternach
    13. - 15. Dezember, Place du marché
    Freides vu 17 bis 24 Auer, Samschdeg vun 11 bis 24 Auer, Sonndeg vun 11 bis 20 Auer
  10. Grousse Wantermoart um Baggerweier zu Remerschen
    Freides, de 6. Dezember um 17.00 Auer geet et lass mat engem After-Work ronderëm de Baggerweier. Deen Dag ass op bis 22 Auer. Samschdes a sonndes geet et vun 11 bis 20 Auer. Iwwer 60 Aussteller si mat dobäi.
  11. Gouschtenger Wantermaart
    6. bis 7. Dezember, am Haff vum Centre Culturel zu Gouschteng
    Stänn, Iessen a Gedrénks iwwer zwee Deeg. Freides vu 17 bis 24 Auer a samschdes vu 15 bis 24 Auer mat Geséngs vun den Hot Daddies Singers

RTL

Chrëschtmaart zu Munneref / © www.mondorf-les-bains.lu/visitmondorf


Norden

  1. Chrëschtdag an der Buerg
    6.–7. Dezember, Useldeng
    Dësen eenzegaartege Chrëschtmaart gëtt an der Buerg vun Useldeng ofgehalen. Virun dësem historeschen Hannergrond kann ee lokal Produiten entdecken, ma och vir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

  2. Chrëschtmaart zu Clierf
    8 Dezember, am Zenter vu Clierf
    Schonn um Weekend vum 29. November bis den 1. Dezember geet et zu Clierf wanterlech hier, ier dann den 8. Dezember e Chrëschtmaart op Clierf kënnt. 

  3. Chrëschtmaart zu Ettelbréck
    13.–15. Dezember, Zenter vun Ettelbréck
    Den Ettelbrécker Chrëschtmaart bitt ee gudde Mix aus Shopping, Concerten an anere Performancen.

  4. Chrëschtmaart zu Dikrech
    20.–22. Dezember, Foussgängerzon
    Den Dikrecher Chrëschtmaart gëtt am Häerze vun der Stad ofgehalen. Et gëtt eng Variatioun u festleche Stänn mat Entertainment, Iessen a wanterleche Produiten.

  5. Randschelter Adventsmaart
    7. Dezember
    Vu 16 Auer un, d'Groussbus-Waler Musek wäert fir Musek an de Stroosse suergen, duerno wäert den Tim Jäger säi musikalesche Programm spillen. Um 19 Auer ass e Chrëschtconcert vum Ensemble vocal Les Enchantées an der Kierch zu Randschelt (Entrée: 10€ mat Reservatioun op umeldung@g-w.lu (Kanner gratis)). Et ginn Animatioune fir Grouss a Kleng. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.
  6. Weller Chrëschtmaart
    20.-21. Dezember
    Freides vu 16. Auer un a samschdes vu 14 Auer un organiséiert de Veräin "Nei-Al Weller fir den Norden" e Chrëschtmaart op der "Plaz fir all" zu Weller.
  7. Chrëschtmaart zu Wolz
    13. Dezember, Festivalsplaz vum Schlass Wooltz
    Freides vu 17. Auer un organiséiert de Syndicat d'Initiative Wiltz ASBL e Chrëschtmaart mat Iessen a Musek.
  8. Chrëschtmaart zu Hengescht
    21. Dezember bei der Kierch respektiv dem Centre Culturel
    Samschdes geet et vu 17 Auer u lass an ass den Treffpunkt fir Amateure vu Gromperekichelcher, gerecherte Forellen, Grill-  a Currywurscht an natierlech dem Glühwäin.

RTL

Vill Leit um Chrëschtmaart zu Ettelbréck / © Ettelbruck.lu

Chrëschtmäert an der Groussregioun

Ma net just zu Lëtzebuerg, och an der Groussregioun gëtt et eng Hellewull schéi Chrëschtmäert, déi just drop waarden, entdeckt ze ginn. Eis Kolleege vum RTL Infos hunn eng Lëscht mat deene flottste Mäert zesummegestallt, déi mir Iech och hei kuerz virstellen.

A Frankräich féiert kee Wee laanscht d'Chrëschtmäert vu Metz an Diddenuewen. De Chrëschtmaart vu Metz, deen tëscht dem 22. November an dem 30. Dezember mat iwwer 120 Stänn lackelt, koum an engem Klassement vun "European Best Destinations" op déi 3. Plaz vun de beschte Chrëschtmäert vum Joer. Den Diddenuewener Chrëschtmaart gëtt vum 23. November bis de 5. Januar iwwer d'Stad verdeelt ofgehalen.

Iwwer d'Grenz an Däitschland ass et virun allem d'Stad Tréier, déi mat engem vun de schéinste Chrëschtmäert an Europa all Joers nees dausende Visiteuren unzitt. An der eelster däitscher Stad geet de Chrëschtmaart schonn den 22. November op a geet bis den 22. Dezember. Eng 90 Stänn sinn hei vertrueden.

An der Belsch sollt ee sech d'Chrëschtmäert vun Namur, Léck a Malmedy net entgoe loossen. Zu Namur geet de Chrëschtmaart op der Place d'Armes vum 29. bis den 31. Dezember. Hei gëtt et ënnert anerem och eng Äispist. Zu Léck gëtt deen eelste Chrëschtmaart an der Belsch ofgehalen. Vum 29. November bis de 4. Januar geet et hei schonn an déi 36. Editioun. Zu Malmedy steet de Chrëschtmaart dëst Joer vum 29. November bis de 5. Januar ganz am Zeeche vum Spill.

RTL

De Chrëschtmaart zu Tréier / © HARALD TITTEL / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP