Muss ech de Schnéi viru menger Hausdier schëppen?

© Envato
E Mëttwochowend sinn déi éischt Schnéiflacke fir dës Wantersaison zu Lëtzebuerg gefall. Déi bréngen awer och eng Rei Responsabilitéite mat sech.
Fir direkt virop ze soen: Jo, all Resident ass dozou verflicht, viru senger Hausdier de Schnéi ze schëppen, oder am Fall vun engem veräisten Trottoir, Salz ze streeën. Dobäi geet et duer, wann den Trottoir laanscht déi eege Proprietéit mat enger Breed vun 1 Meter fräigemaach gëtt.
Wärend bei engem Eefamilljenhaus d'Responsabilitéit relativ einfach gereegelt ass an op de Proprietär fält, ass et bei engem Appartement mat verschiddene Stéit méi komplizéiert. Hei mussen déi eenzel Residentë sech ënnerteneen eens ginn, entweeder andeems ee Responsabelen designéiert gëtt, oder d'Aufgabeverdeelung tëschent den eenzele Bewunner rotéiert.
Bei engem Bürosgebai oder engem sougenannte "Bâtiment à usage mixte" also mat Büroen an Appartementer gemëscht, ass, déi Persoun oder Entreprise responsabel, déi am Rez-de-chaussée residéiert, et sief eng extern Firma gouf extra fir dës Aufgab engagéiert.