Den Tourismus uechter Europa boomt. D'Mëttelmierlänner hunn an de leschten 2 Joer all Rekorder gebrach wat den Tourismus ugeet.

Zu Lëtzebuerg treffe sech dëser Deeg d'Vertrieder vun der "European Travel Commissioun", fir iwwert d'Zukunft vum Secteur ze diskutéieren an vun eneen ze léieren. 36 national Tourismus-Organisatioun sinn an dëser Organisatioun vertrueden.
 
No der Pandemie haten einfach Loscht nees ze reesen. Méi Touriste bréngen natierlech och méi Erausfuerderunge mat sech. Op eenzelen Destinatioune sinn d'Leit op d'Strooss gaangen, fir géint Massentourismus ze manifestéieren. Verschidde Stied, wéi zum Beispill Venedeg, froen ewell Entrée fir Dagestouristen.
 
“Wat mir feststellen, ass datt vill Leit reesen, an datt vill Leit op déi selwecht Plaze reesen. Tourismus muss eppes Positives si fir dee ganzen europäesche Kontinent, och fir Regiounen, déi haut nach ëmmer kaum besicht ginn. A mir mussen och Weeër fannen, datt d’Leit d’ganz Joer iwwer kënne reesen, an net just an enger Saison. Den Tourismus géing dovunner profitéieren, wann d’Visiteuren sech iwwert d’Joer an iwwert de Kontinent méi géingen verdeelen”, seet de Miguel Sanz, President vun der European Travel Commission
 
Wéi d'European Travel Commission 1948 gegrënnt gouf, huet ee sech ugangs drop konzentréiert, fir an den USA Reklamm fir Europa ze maachen. Haut geet een dovunner aus, datt deen asiatesche Marché dat gréisste Potential huet. 
 
Lëtzebuerg huet an der Organisatioun natierlech keen esou e grousst Gewiicht wéi déi wichteg Touristendestinatiounen uechter Europa, déi all Jores Millioune Visiteuren ulackelen. An awer kënnen déi Länner nach eppes vun eis léieren. Laang gouf nämlech iwwert de Lëtzebuerger Model vum gratis ëffentlechen Transport diskutéiert.