Hotel "Anatura" zu Wäiswampech soll am Februar 2025 opgoen
No villen Diskussioune soll den neien Hotel "Anatura" zu Wäiswampech um Séi am Februar d'nächst Joer opgoen.
Zu Wäiswampech soll am Februar 2025 een neie 4-Stären-Hotel opgoen. An der Vergaangenheet goufen et ëmmer erëm säitens de Bierger vu Wäiswampech Stëmme géint d’Konstruktioun vun dëser Surface. Trotzdeem gouf de Projet accordéiert. Elo gëtt et een éischten Abléck an d’Banneliewe vum Hotel "Anatura".
Ronderëm d’Séie vu Wäiswampech ass am Moment nach vill Chantier. De Plang, fir d’Feierdeeg prett ze sinn, ass net opgaangen. Am Februar 2025 soll den Hotel "Anatura" da seng Dieren opmaachen. Gebuede gëtt hei eng Hotelsanlag mat private Chaleten, déi de Leit aus der Grenzregioun, mee och Lëtzebuerger Residenten, d’Méiglechkeet soll ginn, d’Éisleker Natur ze genéissen an allerhand Aktivitéiten ëm an op de Séien ze entdecken. Och e Wellnessberäich an e Kloterpark am Bësch soll et ginn. Bis alles fäerdeg ass, dauert et allerdéngs nach e puer Joer.
Fir de Gäscht hir Privatsphär soll an Zukunft awer och nach eng Aart Siichtschutz bei de Séie gebaut ginn. Dës ass ee vu ville Kritikpunkten, déi an der Vergaangenheet fir Diskussioune bei den Awunner vu Wäiswampech gesuergt hunn. Den Accès op d’Séie soll awer weiderhi gereegelt garantéiert ginn. Mat verschiddenen Zougangspunkte soll et de Leit, déi net als Gäscht am Hotel iwwernuechten, weiderhin erméiglecht ginn, op d’Anlag ze kommen, fir entweder vun deene sëllegen Aktivitéiten, déi den Hotel ubitt, ze profitéieren oder ronderëm d’Séien ze spadséieren.
Nieft dem Wellnessberäich an engem Restaurant mam belsche Stärekach Yves Mattagne bitt den Hotel "Anatura" Investisseuren d’Méiglechkeet, Hotelszëmmeren ze kafen an all Joer 5 % vun hirem Investissement steierlech ofzesetzen. Zousätzlech kritt een dann d’Méiglechkeet, den Hotel zu engem reduzéierte Präis ze besichen. Dëst si 50 % am Normalfall a 25 % wärend de Schoulvakanzen.
Virun allem awer soll den Hotel sech u Familljen an naturbegeeschtert Gäscht riichten an Hënn sinn och a speziellen Zëmmeren erlaabt. Esou ginn et zum Beispill Familljenzëmmere mat Héichbetter fir Kanner a fir d’Hënn leien d’Zëmmeren extra um Rez-de-chaussée, fir esou direkten Accès op d’Wiss ze erméiglechen.