D'Police hëlt de rezente Virfall ee Mount viru Silvester als Grond, lo schonn ze warnen. Et soll een d'Fanger vu verbuedener Pyrotechnik loossen.

D'Police konnt nämlech en 20 Joer ale Schmuggler vun esou Knupperten e Samschdeg am bayresche Waidhaus pëtzen. Hien hat 42 Kilo Knupperten aus Tschechien an der Mall vu sengem Won, fir déi een en Zertifikat brauch. Géint de Mann leeft elo en Ermëttlungsverfare wéinst dem Verstouss géint d'Sprengstoffgesetz. D'Beamten hunn déi explosiv Wuer séchergestallt.

Ee Mount viru Silvester komme wuel awer méi Leit op d'Iddi, sech Pyrotechnik elo schonn ze besuergen.

An néng weidere Fäll gouf e Samschdeg 18 Kilo verbuede Knupperten am Grenzraum tëscht Bayern an Tschechien entdeckt a saiséiert. An et gouf och allkéiers eng Plainte fir d'Keefer.

Eleng d'lescht Joer gouf et an deem Kader 223 Plainten an et goufen am Ganzen 870 Kilo Knupperten, Rakéiten an aner Pyrotechnik, wéi sougenannte Batterie fir dohinzestellen, beschlagnaamt.

D'Police warnt, vill vun deene bëllegen Offeren um tschechesche Marché sinn an anere Länner verbueden. An Däitschland zum Beispill riskéiert ee beim Kaf vu manner wéi engem Kilo eng Strof vun e puer Dausend Euro.