Mann ouni Gediechtnes vu Police am Allgäu fonnt

© AFP Archivbild
Am Allgäu ass e Mann opgegraff ginn, deen net méi weess, wien hien ass a vu wou hie kënnt. Och bei der Police si se de Moment iwwerfrot.
D'bayresch Police konnt de Mann bis ewell nach net identifizéieren a versicht elo mat engem ëffentlechen Opruff zu Kempten, seng Identitéit erauszefannen. Hie gëtt op 60 bis 65 Joer geschat.
Wéi et vum Policebüro vu Schwaben Süd/West heescht, war den Här schonn Ufank Oktober am Wasserburger Bezierk Hattnau an enger Uebstplantage opgegraff ginn. Hie war do liicht ënnerkillt an d'Spidol komm. Hie wousst weder säin Numm, nach vu wou en hierkéim. Hie konnt sech un absolut näischt méi erënneren.
Bei der Police konnt ee wéi gesot näischt iwwer de Mann erausfannen, ausser, dass hie fëmmt. Hie schwätzt Héichdäitsch mat enger liicht süddäitscher Nuance an hat, wéi e fonnt gouf, eng Jackette a Schong un, déi e Markeproduit gewiescht wieren.