D'Ausstellung wandert elo zanter Dezember 2021 duerch d’Land a mécht aktuell e Stopp zu Déifferdeng.

40 Milliounen Tonnen elektroneschen Dreck ginn d’Joer op der Welt generéiert. Dat ass, wéi wann een all Sekonn géing 800 Laptoppen an den Drecksbac geheien. Dëst ass eng vu villen Informatiounen, déi ee sou kann am Musée iwwert den Offall liesen.

De Luxembourg Center for Circular Economy, kuerz LCCE, huet dëst innovatiivt Konzept ëmgesat. “The Mud”, also "De Bulli", sou heescht de Musée ronderëm d’Thema Dreck. D’Leit solle leieren, datt alles wat een ewech geheit, e Wäert huet an et soll een et erëm kënne notzen. De Musée spillt an der Zukunft.

All 6 Méint wandert d’Ausstellung op eng aner Plaz, et wéilt een nämlech bei d’Leit selwer goen. Zanter de 50er Jore wier den Offall vu Plastik, Elektronik an Textil immens eropgaangen, dofir sinn dat dann och déi dräi Schwéierpunkte vun der Expo.

Den LCCE, deen hannert dem Musée stécht, ass eng sougenannte Societé d’Impact Societal. Eng Firma ,déi also am Beräich vun der Solidarwirtschaft oder - wei hei - der Kreeslafwirtschaft aktiv ass. Hieren Haaptprojet ass dëse Musée, awer och Formatiounen a Schoule gi vun hinnen ugebueden.

Jonker iwwerzeegen a matrappen ass eent vun den Ziler vun dësem Musée. D’Organisatioun Youth and Work huet dofir och zu engem groussen Deel mat un der Expo geschafft a Jonker konnte sou och hiren Input ginn an d’Ausstellung komplettéieren. Nach bis Februar ka jiddereen heihi kommen a sech iwwerzeegen, datt net alles direkt den Drecksbac gehéiert, mee anerwäerts ka weiderverwäert ginn.