D'Landesgericht Oldenburg huet en Dënschdeg de 50 Joer ale Kapitän vun engem Fëschkutter a säi 46 Joer ale Kompliz zu Prisongsstrofe verurteelt.

Et war eng éischter ongewéinlech Dot, déi do viru Geriicht diskutéiert gouf. Am Optrag vun Hannermänner vun der internationaler Drogemafia hunn déi zwee Männer am Mäerz probéiert, Kokain nees zeréck an d'Dréchent ze kréien, wat virun der Insel Spiekeroog an der Nordsee vun engem Frachtschëff an d'Mier geheit gi war.

D'Cargoschëff hätt Verspéidung gehat, esou datt déi ofgeschwate Positioun net mat Zäite konnt areecht ginn. Esou konnten déi zwee Männer, déi elo viru Geriicht stoungen, d'Drogen och net fannen. Den Ermëttler nogoufen d'Drogen duerno vun aneren Täter aus dem Waasser gefëscht.

Dem Geriichtsspriecher no waren ënnert anerem Chatnoriichten, an deenen d'Recuperatioun vun de schwammende Kokain-Päck koordinéiert gouf, als Beweismëttel benotzt ginn. De Kompliz hätt d'Dot am Laf vum Prozess iwwerdeems zouginn. Béid Ugeklote goufe letztendlech wéinst Bäihëllef zum Import an dem Handel mat enger gréisser Quantitéit Droge schëlleg geschwat.