Zu Los Angeles um Fluchhafen huet d'Douane en Drogeschmuggler gepëtzt, deen e Kou-Kostüm mat Methamphetamin gedränkt hat.

De Mann koum an d'Sécherheetskontroll mat zwee Gepäck-Stécker. De Beamte si bei der Kontroll, nieft dem Kou-Kostüm, och méi wéi eng Dose Kleedungsstécker opgefall, déi wäiss Flecken haten a sech steif ugefillt hunn. Spéider huet sech erausgestallt, datt d'Kleedungsstécker a Methamphetamin ageluecht waren a spéider gedréchent goufen. Am Ganze war méi wéi ee Kilo Methamphetamin an de Kleeder verstoppt.