D'japanesch Police huet e presuméierten Serien-Abriecher festgeholl. Dëse wier eegenen Aussoen no awer net fir ze klauen agebrach.

Abriechen als Hobby, esou kéint een et am beschten erklären. De 37 Joer ale Japaner, dee lo gepëtzt gouf, géif nämlech eegenen Aussoen no abriechen, fir säi Stress ofzebauen. De Mann muss dann awer och elle gestresst sinn, hien ass nämlech an iwwer 1.000 Wunnengen agebrach.

Wien esou een Hobby huet, muss dann och domat rechnen, erwëscht ze ginn. An dat ass och elo geschitt. De Mann wollt an en Haus zu Dazaifu am Süde vum Land klammen, a gouf dobäi gesinn. D'Police ass geruff ginn an hie gouf festgeholl.

"An Haiser vun anere Leit anzebriechen ass mäin Hobby, ech hunn dat iwwer dausend Mol gemaach", huet d'Lokalzeitung Mainichi Shimbun de Mann zitéiert. Seng Theorie ass dann och genee sou abenteuerlech: "Ech sinn dann esou opgereegt, dass ech schweesseg Hänn kréien, well mech een erwësche kéint. Dat baut Stress of."