Puppelcher a kleng Kanner hunn nach keng Moral

© Image Envato Symbolbild
Eng Moral hunn, wier net ugebuer. Se géif sec eréischt beim Opwuessen entwéckelen.
Zu där Konklusioun kënnt eng Etüd vun der Münchener Ludwig-Maximilians-Universitéit, déi e Mëttwoch verëffentlecht gouf. Dass Puppelcher schonn e Verständnis fir e moralescht Handelen hunn, konnt net confirméiert ginn.
De Münchener Professer Markus Paulus huet zu de Resultater an der Fachzäitschrëft "Developmental Science" erkläert, dass et "keng Evidenz fir eng ugebuere Moral" géif. "Kanner ënner 10 Méint kënnen nach net tëscht enger gudder an enger schlechter Handlung ënnerscheeden".
Un der Etüd ware weltwäit iwwer dausend kleng Kanner am Alter vu fënnef an engem hallwe Mount bis zéng an engem hallwe Mount bedeelegt. Hinne goufen an enger experimenteller Situatioun Zeene mat Figure virgespillt, déi sech ënnerschiddlech behuelen. Mol hu se enger anerer Figur gehollef, e Bierg eropzekommen, Mol hu si se dru gehënnert oder se souguer erofgestouss. Dono goufen d'Kanner gefrot, eng vu béide Figuren ze wielen.
Aus fréieren, änlechen Etüden ass ervirgaangen, dass scho Puppelcher léiwer déi Figur eraussichen, déi gehollef huet. Ma an der aktueller Etüd, der bis ewell Gréisster, weist sech awer, dass nëmmen d'Hallschent vun de Kanner sech fir déi léif Figur decidéieren, déi aner Hallschent huet d'Figur erausgewielt, déi deen anere gestouss huet. D'Kanner géifen deemno keng Virléift weisen, fir eng Figur, déi sech prosozial beholl an anere gehollef hätt, sou de Paulus.
Am Ganze ware 40 entwécklungspsychologesch Fuerschungsekippen aus der ganzer Welt un der Etüd bedeelegt.