Mat enger Kabeltrommel
Onbekannter hu Radar zu Tréier futti geschloen

© Polizeidirektion Trier
An der Nuecht op e Mëttwoch, wuel tëscht 2.50 an 3.30 Auer, hunn Onbekannter e Radar an der Zurmaiener Straße laanscht d'Musel muttwëlleg futti gemaach.
D'Police vun Tréier sicht elo no dem oder deene Schëllegen. De Radar an der Strooss, déi vun der d'Autobunn erofféiert, war eréischt viru kuerzem a Betrib gaangen. Wéi d'Police vun Tréier matdeelt, wieren all d'Glieser mat enger Kabeltrommel ageschloe ginn. De Schued läit wuel am véierstellege Beräich.
Ob de Radar d'Täter virun der Dot villäicht nach mat enger Foto agefaangen hat, wier elo Deel vun de weideren Ermëttlungen.
Am meeschte gelies