Bei der Rentrée haten néng Schüler de neien Diplôme d'aptitude professionelle (DAP) ugefaangen, entretemps sinn et der just nach dräi.

Dräi Joer laang hu Professioneller aus dem Tattoo-Beräich, zesumme mat Proffen aus dem Lycée Technique du Centre an dem Educatiounsministère en neien Diplôme d'aptitude professionelle (DAP) ausgeschafft, deen zënter September Jonker forméiert, déi de Beruff vum Tätowéierer léiere wëllen.

Et ass ee klasseschen DAP vun dräi Joer, bei deem een d’Hallschent vun der Woch Coursen huet an déi aner Hallschent bei ee Patron an d’Léier geet. D’Krittäre fir sech fir den DAP anzeschreiwen, waren a sinn: eng 5ème gepackt ze hunn. Virkenntnesser a Beräicher wéi Zeechnen oder Tätowéieren, ginn net verlaangt. Dat huet et fir deen een oder anere Schüler schwéier gemaach, ee Patron fir d'Léier ze fannen. Ee wichtege Punkt, deen eventuell misst iwwerschafft ginn, sou de Marion Thill, Vizepresident vum Daachverband "Hair Beauty and Tattoo Guild".

"De System ass esou, datt all Schüler, deen eng 5ème gepackt huet, sech an dës Richtung weider orientéiere kann, egal ob hien zeechne kann oder net. Et wier wënschenswäert, datt een do fir d’Zukunft eng Léisung fënnt, beispillsweis, andeem een eng Mapp muss virweisen."

Am Tattoo-Milieu hëlt een den neien DAP eigentlech positiv op, allerdéngs mat e wéineg Virsiicht:
"Mir si ganz oppe fir Schüler bei eis opzehuelen, mee mir wëllen den Ament nach ofwaarden, fir ze kucken, wéi sech dat Ganzt entwéckelt a wat d'Schüler am DAP alles léieren. Well et ass eng ganz grouss Responsabilitéit, ee Jonke bei sech am Studio ze hunn. Villäicht kënne mir d'nächst Joer engem eng Plaz an der Léier ubidden", erkläert de Jorge Fernandes, Gerant vun dräi "Adikt Ink"- Tattoo-Studioen zu Lëtzebuerg.

De Beruff Tätowéierer gëtt hei am Land eréischt zënter leschtem Joer offiziell als handwierklech Aktivitéit unerkannt. Geléiert huet een d'Handwierk bis ewell op eege Fauscht, oder als Léierbouf an engem Tattoo-Studio. Selbstänneg konnt a ka sech eigentlech jiddereen domat maachen. Mam neien DAP hofft een drop, datt d'Leit vu vir era besser forméiert ginn an d'Verhältnis tëscht Léiermeeschter a Schüler sech an Zukunft och verbessert.