An der franséischer Haaptstad hu sech laang ausgestuerwen Déiere breet gemaach.

Zu Paräis komme se esou lues och a Chrëschtdagsstëmmung. A fir dëst ze feieren , hu se d'Jurassic Period agelaut. Mat Dausende vun LED-Luuchte gëtt ee reegelrecht verzaubert an och an eng aner Welt bruecht: D'Welt vun den Dinosaurier an de Kreaturen aus de Mierer, déi viru Millioune vu Joren hei um Planéit gelieft hunn. Eng Kuliss , déi een esou nach net zu an der franséischer Haaptstad erlieft huet.