Den "Domaine de la Klauss" presentéiert eng Rei Neiegkeeten

Den Hotel Restaurant a Frankräich, net wäit ewech vu Perl a Schengen bereet eng ambitiéis Erweiderung vir. D'Kolleege vum RTL Infos hu sech dat ugekuckt.
Ënner anerem de Spa, also de Wellness, an den Hotel wäerte vergréissert ginn. An och am kulinaresche Beräich geet een aner Weeër, andeem ee sech mam Angelo Musa, Weltmeeschter an der Patisserie, zesummendeet.
Ronn 40 Prozent vun de Clientë vun der Domaine de la Klauss kommen aus Lëtzebuerg. Dat entweder fir vum Spa ze profitéieren, am fënnef Stären Hotel ze schlofen oder am Restaurant "Le K", deen ee Michelin Stär huet, verwinnen ze loossen, präziséiert de Chef vun der Domaine Alexandre Keff. Fir de Gäscht nach méi ze bidden, huet ee viru ronn zwou Wochen ugefaangen, d'Domaine auszebauen an ze moderniséieren. Dës Aarbechte wäerte bis 2027 daueren.
Fir d'Gäscht awer och elo scho méi ze verwinnen, huet ee sech mam Weltmeeschter vun der Patisserie vum Joer 2003 zesummegedoen. Den Angelo Musa wäert an Zukunft zesumme mam Chefkach vum "Le K", deen zanter dësem Joer e Michelin Stär huet, zesummeschaffen.