Den 1. Dezember war den zweete verkafsoppene Sonndeg vu fënnef an der Stad Lëtzebuerg an dat op engem spezielle Weekend.

Well a ville Geschäfter war de Black Friday  an d'Verlängerung gaangen, de Kleeschen war ënnerwee, a vill Leit waren awer och scho mat de Gedanke bei de Feierdeeg.

Géingt 15  Auer ware vill Leit am Häerz vun der Stad ënnerwee, dat no engem Samschdeg, op deem och scho vill lass war. Den Haaptmagnéit um éischten Advent waren awer net virop d'Geschäfter, ma d'Chrëschtmäert. An opgefall ass, dat méi Touriste wéi Lëtzebuerger um Rendez-vous waren.

"Mir hu ganz vill Tourismus aus der Groussregioun an dat si gutt Touristen, déi een eebe fir een zwee Deeg op Lëtzebuerg kommen an dann och vun der gudder Stëmmung an der Stad profitéieren", sou de Guill Kaempff vum Geschäftsverband aus der Stad Lëtzebuerg.
 
E verkafsoppene Sonndeg grad deen Ament, wou d’Geschäft op Volltoure leeft. Eng Zäit an där d'Leit bereet wieren, sech eppes méi ze leescht, esou de Guill Kaempff. Dat awer och, ouni awer an dësen Zäiten iwwer d'Sträng ze schloen. Dat op d'mannst weist eng éischt Tendenz. An awer haten net all d’Butteker op.

"Do gëtt a ville Geschäfter e ganz groussen Deel vum Joresëmsaz gemaach. An doduercher eeben och de Fait, dass ee vill Leit generéiert. An iwwert de ganze Mount Dezember huet et e wichtegen Impakt op de Chiffre d' affaires."

Aus Erfarung ass den nächste Weekend dee rouegsten, wat d'Chrëschtgeschäft ubelaangt. Iert déi zwee duerno vill Leit hir lescht Akeef en Vue vu Chrëschtdag maachen.