De Kleesche war zu Wolz
Mat dobäi war och eng speziell Persoun: De Fils vun deem US-Zaldot, deen 1944 als Kleesche verkleet de Kanner zu Wolz e bësse Freed bruecht huet.
Am Krichsjoer 1944 waren d'Kanner zu Wolz a ronderëm schlecht drun. Déi schwéier Zäit hat hir Spuere bei de Mënschen hannerlooss. De Kleesche sollt de Kanner eng Freed maachen. An sou koum et och: De 5. Dezember 1944 gouf den US-Zaldot Richard Brookins als Kleeschen auserwielt. D'Begeeschterung bei de Kanner war deemools grouss.
80 Joer méi spéit war dat och de Fall. 1.000 Titercher goufen zu Wolz beim Schlass un d'Kanner verdeelt. Op Besuch war um Sonndeg och de Fils vum Richard Brookins, den David. 2018 ass de Richard Brookins am Alter vu 96 Joer gestuerwen.