D'Emma-Lou Becca, d'Duechter vum Lëtzebuerger Entrepreneur Flavio Becca, krut an hir Wunneng zu München agebrach. Dat mellt déi däitsch Bild-Zeitung.

De Virfall géing op de Mäerz zeréckgoen. D'Abriecher hätte Wueren am Wäert vun zwou an enger hallwer Milliounen Euro matgoe gelooss. Dorënner 40 Posche vun der Luxusmark Hermès, mat deenen d'Emma-Lou Becca sech als Influencerin op de soziale Reseauen och gäre weist. Déi Poschen hu gären e fënnefstellege Präis. Déi Onéierlech haten der Bild no awer och Braceleten, Aueren, Collieren a Réng aus dem Safe geklaut. Ma si konnte gepëtzt ginn, well d'Emma-Lou Becca hinne selwer op d'Spuer komm wär.

Wéi et heescht, hat déi 21 Joer jonk Fra gemierkt, dass hir Bluetooth-Kopfhörer an enger Posch louchen. Si konnt déi lokaliséieren. A mat där Informatioun hat si sech wuel bei der däitscher Kriminalpolizei gemellt. Kuerz drop konnten déi dräi Verdächteg - e Mann vun 21 Joer an zwou Frae vun 39, respektiv 43 Joer - zu Ingolstadt festgeholl ginn. Si sinn aktuell an Untersuchungshaft an der Bild no fänkt dës Woch de Prozess un. Den Affekot vun der Becca-Duechter hätt op Ufroe vum däitsche Medium awer net reagéiert. Der Emma-Lou Becca hir deier Posche konnte bis ewell net erëmfonnt ginn, esou d'Bild-Zeitung.