Mat zéng Joer hunn déi meescht Kanner en eegene Smartphone

© Envato / Pressmaster
De Verband vun der digitaler Industrie an Däitschland "Bitkom" huet e Rapport iwwer de Gebrauch vum Smartphone publizéiert.
Aus dësem geet ervir, dass déi meescht Kanner an Däitschland hiren éischte Smartphone am Alter tëscht zéng an zwielef Joer kréien. Wärend bei de Kanner am Alter vu sechs bis néng Joer nëmme 17 Prozent e Smartphone hätten, wieren et am Grupp vun den zéng bis zwielef Joer ale 76 Prozent.
Wat déi ënnersichten Altersgruppe méi al sinn, wat méi e groussen Undeel vun de Memberen e Smartphone huet. Bei de Jonken am Alter vun 13 bis 15 Joer wieren et der 90 Prozent, déi e Smartphone hunn a vu 16 Joer u wieren et der 95 Prozent. Duerno hätt a quasi all Mënsch e Smartphone.
Am Rapport heescht et awer och, dass de klasseschen Handy net ausgestuerwe wier. Deemno hätte véier Prozent vun de Leit am Alter vu véier bis 18 Joer en normalen Handy.
En eegenen Tablet solle 54 Prozent vun de Jonken am Alter vun zéng bis zwielef Joer hunn. Ronn 33 Prozent vun hinnen hätten eng Videospill-Konsol.