E Sonndeg den Owend war am Kader vum Cirque de Lux déi éischte Kéier de Festival du Cirque um Glacis.

Aus der ganzer Welt hunn Artiste sech virun engem Jury gemooss, fir Bronze, Sëlwer a Gold ze gewannen. 15 Länner ware vertrueden, ob aus Argentinien, Kolumbien, Mexiko, Spuenien oder der Ukrain, fir der nëmmen e puer ze nennen. Si hunn all hiert Bescht ginn. Dobäi gouf och den Henri-Renz-Präis iwwerreecht, en Hommage un de kierzlech verstuerwenen Henri Renz.

Méi bekannt ass de Festival zu Monte-Carlo, ma e Sonndeg den Owend war esouguer de Grënner, den Dr. Alain Frère, an der Jury, deen 1974 deemools de Festival du Cirque zu Monte-Carlo agefouert huet. An anere Wierder huet sech d’Crème de la Crème getraff, fir sech ze moossen. E Spektakel, dat et bis ewell an där Form nach ni zu Lëtzebuerg ginn ass.