Nei Dokumenter kéinte méi Kloerheet iwwer d'Opléisung vun de Beatles viru 54 Joer schafen.

Wéi dat brittescht Auktiounshaus Dawsons e Méindeg matgedeelt huet, kommen den 12. Dezember juristesch Dokumenter, déi viru Kuerzem eréischt an engem Schaf fonnt goufen, ënnert den Hummer. Geschate Präis: ëmgerechent méi ewéi 6.000 Euro.

An den Ënnerlage si Kopië vu Rapporte vun engem fréiere Beroder vun de Beatles, juristesch Texter an eng Kopie vum urspréngleche Firmekontrakt vum Grupp aus dem Joer 1967. Aus den Dokumenter geet ënnert anerem ervir, dass d'Band vu Liverpool nom Doud vun hirem Manager Brian Epstein an deem Joer mat der Tatsaach konfrontéiert war, dass Sue verschwonne waren an déi véier Museker am Viséier vun der Steierverwaltung stoungen.

Och e Rechtssträit 1970 vum fréiere Beatle Paul McCartney géint d'Band wéinst dem Engagement vum neie Manager Allen Klein ass dokumentéiert.

Grënn fir d'Opléisung, déi bis ewell net esou kloer waren. Op weider Revelatiounen däerf ee gespaant sinn.