Déi falsch Suen, déi vun engem Karnevalswon gepucht goufen, hunn echte Schäiner esou änlech gesinn, datt Leit duerno mat hinne bezuelt hunn.

Datt op Karneval op Cortègë  Kamellen an aner Séissegkeete vun de kreativ dekoréierte Ween a Richtung Publikum fléien, ass ee gewinnt. Ma wéi d'Zeitung "Trierischer Volksfreund" mellt, ass dëst Joer op enger Karnevalsparad an enger Musel-Gemeng am Landkrees Bernkastel-Wittlich, net wäit vu Lëtzebuerg fort, eppes vill méi Problematesches an Ëmlaf komm.

Eng Karnevalsgrupp hätt deemno mat engem Won un der Parad deelgeholl, dee fir d'Thema "Banke" gerëscht war. Fir d'Erliefnis méi authentesch de maachen, hätten d'Karnevaliste virdru "Suen" am Internet bestallt, déi richtege Suen zum verwiesselen änlech gewiescht wieren.

Den Tréierer Parquet huet der Zeitung dann och confirméiert, datt déi falsch Sue vum Won aus an d'Mënschemass geheit gi wieren an esou als Falschgeld an Ëmlaf komm wieren. D'Schäiner wiere Reproduktioune mat verännerte Biller an Texert gewiescht, wéi se och zum Beispill op Filmsets géife benotzt ginn.

Op d'mannst véier där Schäiner wieren duerno an de Keese vun engem Hotel a vum lokale Karnevalsveräin nees opgedaucht, heescht et vum Tréierer Parquet. Deen hätt doropshin d'Ermëttlungen an d'Weeër geleet. Ma well déi Beschëllegt eng Zort Geldstrof bezuelt hätten, hätten d'Ermëttlungen nees agestallt kënne ginn.

D'Karnevalisten, déi déi falsch Suen tatsächlech benotzt hunn, fir ze bezuelen, hätt een iwwerdeems net kënnen ermëttelen.