Gäschtlëscht fir grouss Reouverture vun Notre-Dame gëtt ëmmer méi laang

Viru 5 Joer huet e Feier déi berüümt Paräisser Kathedral zerstéiert, ma de Weekend ass et elo endlech esouwäit: d'Notre-Dame mécht hir Dieren nees op.
Nodeems et leschte Freideg an engem Livestream vun engem "Baustellebesuch" vum President Macron schonn een éischten Abléck an déi komplett renovéiert Kathedral vun Notre-Dame gouf, gëtt d'Reouverture de Weekend mat Gäscht aus der ganzer Welt gefeiert.
Ënnert de ronn 3.000 Gäscht, virun deenen de franséische President Emmanuel Macron e Samschdeg eng feierlech Ried op der Plaz virun der Kathedral hale wëll, ass och den designéierten US-President Donald Trump.
Dat huet den Trump op senger Plattform "Truth Social" matgedeelt: "Et ass mer eng Éier ze annoncéieren, datt ech e Samschdeg op Paräis reese wäert, fir un der Reouverture vun der prächteger an historescher Kathedral Notre-Dame deelzehuelen, déi no engem schlëmme Feier viru fënnef Joer komplett restauréiert gouf", esou den zukünftegen US-President. De President Macron hätt "eng wonnerbar Aarbecht" geleescht.

Vu bausse gëtt nach un der Kathedral geschafft. / © AFP/Behrouz MEHRI
Nieft dem Trump wäert och den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier derbäi sinn, genee wéi ronn 50 aner Staats- a Regierungscheffen. Feelen wäert allerdéngs de Kapp vun der Kathoulescher Kierch, de Poopst François. Hie war agelueden, ma huet ofgesot a besicht amplaz déi Woch drop e Kolloquium iwwer Religiositéit op Korsika. Verschidde Leit gesinn dëst als Message, datt de Poopst sech net fir eng institutionell Zeremonie mat politeschen Ënnertéin wëll aspane loossen.
Fir d'Reouverture vun der 850 Joer aler Paräisser Kathedral sinn d'Sécherheetsmesurë verstäerkt ginn. Eng 6.000 Sécherheetsleit sinn der Prefektur vu Paräis no am Asaz, dorënner och Sniper op den Diecher. Nieft de ronn 3.000 Gäscht an der Kathedral op der Île de la Cité gëtt och mat ronn 40.000 Visiteure laanscht d'Ufer vun der Seine gerechent.
D'Kathedral gehéiert, wéi all aner kierchlech Bauten, déi virun 1905 gebaut goufen, dem Staat. Dësen ass deemno och fir den Erhalt vun dem gotesche Meeschterwierk zoustänneg. Op Wonsch vun der Diözese bleift d'Entrée fir an d'Kathedral awer och no der Reouverture gratis.