"All Kand wëll Fridden, an d'Schoul goen an doheem mat den Eltere beienee sinn"

Dat ganzt Joer iwwer preparéiert sech de Kleeschen op säi groussen Dag de 6. Dezember. Am Sonndesinterview huet hien eis méi iwwert säin Job gezielt.
Iwwert déi lescht Deeg war de Kleesche vill hei am Land ënnerwee, zum Beispill am Zirkuszelt um Glacis. An eisem Sonndesinterview huet de Kleeschen eis verroden, wéi frou d’Kanner waren hien ze gesinn, wat säi Liblingsplat hei zu Lëtzebuerg ass a wéi gutt hie mam Houseker eens gëtt.
No Kleeserchersdag ass viru Kleeserchersdag
Dat ganzt Joer iwwer preparéiert de Kleesche sech op säi groussen Dag de 6. Dezember. Hie muss seng Tier plangen, sech d’Stied ukucken, an deenen déi super Cortègen organiséiert ginn, an déi vill Bréiwer liesen, déi Kanner aus der ganzer Welt him schécken. "Et kommen esou vill Bréiwer, ech kann déi bal guer net all liesen. A meng Ae ginn och ëmmer méi schlecht, ech mengen ech bräicht emol en neie Brëll", seet de Kleeschen. Wärend dem Joer trainéiert hien och fläisseg: "Ech si jo wierklech schonn en ale Mann, dofir brauch ech Training, dass ech riicht do sëtze bleiwe kann, wann déi vill Kanner bei mech kommen an net entschlofen." Enorm freeën de Kleeschen och déi vill Kaddoen, Biller a léif Wierder, déi d’Kanner him ëmmer schécken: "Dat erfreet mäin Häerz esou vill, dass ech och als ale Mann nach ëmmer däerf bei déi Jonk kommen an net zum alen Eise gehéieren. Dat ass esou wichteg fir mech."

"Léiwe Kleeschen, maach dach eppes géint déi Kricher a bréng Fridden an eis Familljen, well och do gëtt et Sträit an Aggressiounen"
De Kleeschen huet gemierkt, dass d’Kaddoen, déi d’Kanner sech an deene leschte Jore wënschen, ëmmer méi sophistiquéiert ginn. Vill Wënsch sinn awer och méi grouss ewéi en einfache Kaddo. Am allermeeschte géifen d’Kanner him schreiwen, dass si sech Fridde wënschen: "Ob dat e Kand am Sudan ass, an Nordkorea, an deem grousse China, a Russland, an der Ukrain oder hei am räiche Lëtzebuerg: all Kand wëll Fridden, an d'Schoul goen an doheem mat den Eltere beienee sinn, an engem Ëmfeld, wou no him a senge Besoine gekuckt gëtt. An da sinn alleguerten déi aner Wënsch, ewéi Spillsaachen an esou weider, zweetrangeg."
Eltere si méi nervös ewéi d’Kanner
E Samschde war de Kleeschen op Besuch am Zirkuszelt um Glacis bei den RTL-Mataarbechter an hire Kanner. Hie géif honnerte Kanner gesinn, awer am Zirkus wier et besonnesch formidabel gewiescht: "D’Kanner waarden e ganzt Joer laang op mech an ech war esou frou, si ze gesinn. Am Zirkus ware se ganz no bei mir, mat den Artiste ronderëm, dat war formidabel. D’Eltere waren erëm am nervöösten, well si Angscht haten, ech géif d’Kaddoe verwiesselen an hirem Klengen net dee richtege ginn. Awer ech hat opgepasst an den Houseker huet mir gutt gehollef." Duerno krut de Kleeschen nach e bësse Barbe à papa fir ze schneeken an e gudde Glühwäin. Ustrengend: "Ech hat duerno bal verpasst op de Cortège ze goen, well ech nach op der Mëttesrascht louch."
"Mir sinn ee gutt Team"
Wann de Kleeschen a säin Helferlein zesummen op Tour sinn, ass d’Stëmmung ëmmer richteg gutt. Déi Zwee gi richteg gutt eens an ënnerstëtze sech géigesäiteg. "Ech si jo schonn e bësse méi al an da sinn ech ëmmer frou, wann hie mat dobäi ass, fir alles nach eng Kéier ze kontrolléieren." Den Houseker wëll op déi negativ Saachen an eiser Welt opmierksam maachen. D’Kanner hätte sech dëst Joer awer extra gutt geschéckt: "Hie bestrooft d'Leit, wann een dat esou ka soen, an erënnert se drun, wéi et ka besser gemaach ginn. Den Houseker huet dëst Joer awer méi Routen un déi Grouss, wéi un d'Kanner verdeelt, well d'Kanner hu verstane wat et heescht, sech unzepassen, ze follegen, zum Beispill ze recycléieren a manner ze konsuméieren. Dat maachen d'Kanner ganz richteg."
Wann den Himmel rout glënnert, hunn dem Kleesche seng Engelcher gebak
"Dat stëmmt wierklech", seet de Kleeschen. D’Engelcher wieren och dëst Joer erëm richteg fläisseg gewiescht, op si wier Verlooss: "Meng Engelcher baken esouguer am Summer, do gesitt dir jo och alt ee rouden Himmel. A wa si extra frou sinn, da kënnt och nach e Reebou dobäi." Allerdéngs muss de Kleeschen oppassen, dass hien d’Kichelcher net all eleng ësst. "Mäi Bauch ass jo schonn impressionnant. Dofir hunn ech och dee laange Baart, dee verdeckt de Bauch wéinstens e bëssen. An ech muss fir meng vill Reese jo awer fit bleiwen, dofir muss ech mech beherrschen."
Heiansdo gënnt de Kleesche sech no gedoener Aarbecht awer och selwer eppes: den décke Bauch kënnt net vun näischt... Dat sief deem Mann, deen ëmmer déi aner verwinnt an hinne Kaddoe bréngt, natierlech vergonnt. Hie géif sech ëmmer de Länner upassen, wou hie grad dru wier. A Frankräich ësst de Kleesche gären emol Austeren oder eng Bouillabaisse, hei zu Lëtzebuerg eng gutt Choucroute: "Déi iessen ech awer réischt nom 6. Dezember, soss géif et mir op mengem groussen Dag am Bauch rumoueren. Ohje, an et ass net auszedenken, wat dat fir eng Katastroph géif ginn. Ech loosse mir och heiansdo e gudde Pättche schmaachen, awer ëmmer mat Beduecht, well ech muss de Schlitt jo nach steiere fir heem."