Zanter e puer Deeg hänken am hollännesche Maassluis grouss Opschrëfte vun de Balconen am Altersheem Oud Sluys.

Dorop hunn d'Bewunner hiren Onmutt géint d'Decisioun kloer gemaach, datt de staarken Alkohol an de Gemeinschaftsraim verbuede gouf. Sou gëtt sech beispillsweis beschwéiert, si kéinten hiren Eeër-Likör net méi zesummen an hirer Stuff genéissen. Béier a Wäin sollen dogéint nach erlaabt sinn.

Wéi den hollänneschen Noriichtendéngscht AD weider mellt, wier d'Verbuet de Senioren no deemno onbegrënnt, well déi meescht Leit souwisou keen Alkohol drénke géifen a wann, da géife si just ee Glas mat bei de Bingo huelen. Donieft hätt et enger Bewunnerin no am Altersheem nach ni Problemer mam Alkohol ginn.