De Weltraum entdecken op der "Space Week"
D'Space Week gëtt all Joer vun der Luxembourg Space Agency organiséiert.
Bei 5 verschiddenen Aktivitéite konnte sech Enthusiasten, international Experten a Visionären iwwer d’Zukunft vum Weltall austauschen. Mir hunn hei mam Hermann Ludwig Moeller geschwat. Zanter senger Kandheet interesséiert hie sech fir de Weltall, haut ass hien Direkter vum European Space Policy Institute, engem onofhängegen Institut vu Wien, dee sech mat der Weltraumfuerschung beschäftegt.
Fir hien ass et kloer, dass mir eis an engem neien Zäitalter befannen, wat d’Raumfaart ugeet.
"Der beste Vergleich ist, vor 20 oder 30 Jahren, das Internet. Als es begann, wusste niemand, was es sein würde und jetzt kann man es eigentlich nicht mehr wegdenken. In allen Bereichen des Lebens. Wir sind jetzt am Beginn des Zeitalters für die Raumfahrt. Denn obwohl es schon heute in verschiedenen Bereichen stark genutzt wird, ist es oft nicht so bekannt. Aber es wird überall in unserem Leben Einzug halten, noch viel mehr als heute."
Mëttlerweil kënnt d'Raumfaart an ëmmer méi Domänen an den Asaz. D’Automobilindustrie profitéiert, fir hir Gefierer mateneen ze verbannen, D’Prezisiounslandwirtschaft benotzt "Erdbeobachtungsdate" fir den Ubau. Och zum Beispill bei der Kommunikatioun gëtt et Projete fir d’Zukunft. D’Donnéeën, déi een aus dem Weltall kréie kann, kënne beim Kampf géint de Klimawandel hëllefen. Och d’Meteorologie profitéiert dovun.
Den Ukrain-Krich huet eis elo gewisen, dass d’Raumfaart awer och e militäreschen Zweck huet an och zur Sécherheet bäidroe kann. Natioune wéi China an Indien investéieren elo an dee Beräich. Dowéinst misst Europa elo Gas ginn. Wann et ëm Investissementer an d'Weltraumfuerschung geet, ass Lëtzebuerg awer vir bäi:
"Also in Europa, wenn man Luxemburg misst am Anteil des Bruttosozialproduktes, was in die Raumfahr investiert wird, dann ist Luxemburg Nummer 1 in Europa und dreifach über dem europäischem Durchschnitt. Das liegt eben daran, dass man strategisch und frühzeitig investiert hat. SES war, glaub ich 1985 und man sieht heute einen der weltgröβten Satellitenbetreiber."
Fréier haten d’Regierungen d’Kontrollen iwwer all Operatiounen, déi eppes mat der Raumfaart ze dinn haten. Mëttlerweil ass dat net méi de Fall. E gutt Beispill dofir ass dem Elon Musk säi private Satellit Starlink. Dem Hermann Moeller no wier et wichteg, elo e Gläichgewiicht tëscht den Interessie vun der Regierung an deene vu Privatleit ze fannen.