D'Decisioun ass gefall. Gaardenzenteren an Nordrhein-Westfalen dierfen och sonndes Chrëschtdeko verkafen.

Dat huet dat iewescht däitscht Geriicht en Donneschdeg decidéiert. Déi sougenannten "Zentrale zur Bekämpfung unlauteren Wettbewerbs" hat Plainte dogéint gemaach, dass Gaardenzentere sonndes Chrëschtdeko dierfe verkafen. Dës hätten doduerch en onfaire Virdeel géigeniwwer Eenzelhändler.

An Nordrhein-Westfalen ass et sou, dass d'Gesetz, wat d'Ouverture vu Butteker betrëfft, bestëmmte Geschäfter sonndes just 5 Stonnen dierfen op hunn. Dozou gehéiere Butteker, déi Brout a Mëtsche verkafen, souwéi Zeitungen a Blummen. Si dierfen also nieft hirem Haaptsortiment begrenzt och sougenannte Randwuer ubidden.

De Bundesgeriichtshof huet elo tranchéiert, dass Deko fir op de Chrëschtbam, Kanéilsstangen a kënschtlech Dännen-Äscht Deel vun der Randwuer vu Gaardenzentere sinn an dës domat och dierfe sonndes verkaf ginn.