D'Verméige vu Milliardären huet sech an de leschten 10 Joer méi wéi verduebelt

© Image Envato Symbolbild
Si si räich a si ginn och ëmmer méi räich. Mir schwätze vun de Milliardären op dëser Welt.
Am Abrëll dëst Joer huet d'Schwäizer Bank UBS an deem Sënn eng Etüd lancéiert. Si hunn déi Superräich eng Kéier méi genee ënnert d'Lupp geholl oder besser gesot hir Finanzpläng. An hir Investitiounspläng fir déi nächst 12 Méint deiten och drop hin, dass Räich nach méi räich wäert ginn.
Tatsächlech ass d'Zuel vun de Superräichen an hirem Verméigen an de leschte 10 Joer däitlech an d'Luucht gaangen. Bei der UBS-Etüd koum eraus, dass et aktuell 2.682 Milliardäre ginn, 50 Prozent méi wéi am Mäerz 2015. Hiert Gesamtverméigen ass an där Zäit ëm 121 Prozent op 14 Billiounen Dollar - ëmgerechent 13,3 Billiounen Euro. Dat ass dräimol méi wéi d'gesamt Wirtschaftsleeschtung.