2024 goufen et nëmme ganz wéineg niddreg Wolleken, déi d'Sonneliicht reflektéieren an domadder d'Äerd ofkillen.

Zejoert goufen alleguerten d'Temperatur-Rekorder gebrach, well nach ni esou héich Temperature gemooss goufe, wéi bis ewell. Fuerscher an Däitschland hunn elo eng Iddi, wat de Grond fir dëse groussen Temperatur-Sprong kéint sinn.

Analyse vun Satellitte an nei Modeller weisen elo, dass et wéineg Wolleken op niddreger héicht zejoert gouf. Dat schreift eng Ekipp vu Wëssenschaftler aus Bremerhaven, Bonn a Bremen an der Fachzeitung "Science".

An anere Weider huet d'Äerd vill méi Sonnestralen opgeholl, wéi soss. Et goufen also manner Sonnestralen zeréck an de Weltraum reflektéiert, en Effekt deen "Albedo" genannt gëtt.

Als Haaptgrond fir d'Klamme vun den Temperaturen gëlle jo d'Zäregasen. Ma zousätzlech dozou ginn et awer nach aner Effekter, wéi déi momentan héich Aktivitéit vun der Sonn, de Wiederphenomen El Niño, vulkanesch Aktivitéiten a wéineg renge Stëbs iwwert den Ozeaner. Ma dat alles zesummen, kéint net eleng de grousse Sprong an der Temperatur erklären, sou d'Fuerscher, sou dass een mat dësem Usaz nei Erklärunge fonnt kéint hunn.

Zejoert louch déi global mëttel Uewerflächentemperatur bei bal 1,5 Grad iwwert dem Referenz-Zäitraum vun tëscht 1850 bis 1900.