Uergelbauer
E Lëtzebuerger léisst déi grouss Uergel vun der Notre-Dame erëm erkléngen
5 Joer no hirem Brand mécht d'Notre-Dame zu Paräis erëm hir Dieren op. Mir hunn de Lëtzebuerger getraff, den déi grouss Uergel erëm nei harmoniséiert.
Zanter dem Brand am Abrëll 2019 war d'Notre-Dame zu Paräis e grousse Chantier. Déi eenzeg Téin, déi een héieren huet, waren déi vun den Himmer a Maschinne vun den Aarbechter. Ronn 2.000 Persoune waren an de leschte 5 Joer un de Restauréierungsaarbechte bedeelegt, de Laurent Anen ass eng dovun. Hien ass Uergelbauer a seng Aufgab war et, déi 8.000 Päife vun der grousser Uergel eng no der anerer ze harmoniséieren.
Am meeschte gelies